Ganz vill Fotoen a VideoSchlusspressessioun vun der Oktav an der Stad

RTL Lëtzebuerg
D’Pressessioun ass duerch Stroosse vun der Stad gezunn, wou Dausende Leit present waren.
© RTL

D’Klacke lauden an uechter d’ganz Uewerstad ass Musek a Gesang ze héieren. De Sonndeg de Mëtteg war et nees den traditionelle Rendez-vous vun der Schlusspressessioun vun der Oktav. Och dëst Joer hu sech nees Dausende Leit an der Stad versammelt,fir entweder mat ze pilgeren oder gespaant nozekucken. Dëst Joer stoung d’Oktav ganz am Zeeche vum Mënsch. D'Priedegt an der Kathedral koum vum Ägidius Zsifkovics – dem Bëschof vun Eisenstadt an Éisträich.

D’Oktav gëtt et schonns zanter méi wéi 400 Joer a si gehéiert haut zum immaterielle Kulturierwe vu Lëtzebuerg. Fir vill Gleeweg ass si eng Mëschung aus Glawen, Traditioun a Gemeinschaft.

Schlusspressessioun vun der Oktav
D’Pressessioun ass am Nomëtteg duerch Stroosse vun der Stad gezunn, wou vill Leit present waren.

Back to Top
CIM LOGO