Maniff vu "Make Amazon Pay"Kollektiv mécht op eng Panoplie vu Problemer beim Internetgigant opmierksam

Michèle Sinner
Op der Clairefontainesplaz an der Stad gouf et op Black Friday, wou vill Geschäfter vill Ëmsaz maachen, eng Maniff, géint d'Fonctionement vun Amazon.
© Michèle Sinner

Make Amazon Pay Manif / Reportage Michèle Sinner

Um Black Friday ginn d'Clientë mat Extra-Offere gelackelt, fir ze consomméieren. Dofir huet de Kollektiv "Make Amazon Pay" e Freideg de Mëtten op der Place Clairefontaine manifestéiert, fir op eng ganz Panoplie vu Problemer beim Internetris opmierksam ze maachen. Vum Aarbechts- bis zu de Mënscherechter iwwert d'Ekologie.

Amazon bréngt d'Kommissioune bei d'Hausdier, dat fanne vill Leit praktesch, mee dat generéiert vill CO2, warnt d'Magali Paulus vu Cell. Wat méi kënschtlech Intelligenz agesat gëtt, wat Amazon och méi Datenzentre baut. Zentren, déi energie- a Killwaasser-intensiv sinn.

"Dat huet en immensen ökologeschen Impakt an dee kënne mer bis elo mol nach net richteg rechnen, well schonn 2025 sinn hir Emissiounen ëm 16 Prozent eropgaangen. Déi Zäit waren nach keng sou grouss Datacenteren do, dat heescht, dat gëtt nach ëmmer méi grouss an ëmmer méi katastrophal.”

Zanter 2021 géing Amazon zesumme mat Google och der israeelescher Regierung an Arméi eng Service Cloud zur Verfügung stellen – e Milliardekonktrakt, esou de Patrick Bosch am Numm vun BDS Lëtzebuerg.

"Pire encore, ce contrat interdit formellement à Amazon et à Google de suspendre ses services à l'armée israélienne, quelles que soient les violations du droit international.” Hie rifft dofir d'Leit op, Amazon ze boykottéieren.

D'Manon Meiresonne vum OGBL ass op déi rezent Plaintë vun Amazon-Mataarbechter bei der ITM agaangen: “Amazon doit comprendre que ces salariés ne sont pas des ressources dont on peut dispenser à sa guise. Ce sont des êtres humains, avec des familles, une vie privée, des droits et une dignité. Nous demandons à Amazon de respecter le code du travail luxembourgeois.”

Dee géif Amazon ganz gutt kennen, mengt den André Marques vun déi Lénk. Mä mat sengen iwwer 4.500 Mataarbechter wier de Betrib ewell esou e grousse Player an der Lokalekonomie, datt er mat Entloossungen d'Regierung, an domat och d'Demokratie kéint menacéieren.

"Et ass vergläichbar mat der Arbed an de Siwwenzeger Joren. Wann do Problemer entstinn, dann ass et wierklech eng national Kris, déi entsteet, an do ass dann de Pouvoir éischter bei Amazon wéi elo bei der Lëtzebuerger Regierung."

Dobäi nennt déi gären Amazon als gutt Beispill, wann et ëm Steiere geet, well de Betrib esou vill Substanz, also reell Aktivitéit hei am Land huet. Mee de Jean-Sébastien Zippert vun Tax Justice Network kritiséiert, datt Amazon nach zu de Champione vun der Steiervermeidung gehéiert. Zwar hätt sech de Betrib de leschte Februar gebretzt, datt en 2024 uechter Europa 20,7 Milliarden Dollar Steiere bezuelt hätt. Mä déi Zuele wiere geschéint. Amazon géif do beispillsweis d'Cotisatioune fir d'Sécherheetssystemer arechnen.

Amazon super reaktiv

Nach ier dësen Artikel konnt online goen, huet Amazon, der Redaktioun e Statement geschéckt als Reaktioun op d'Manif. Si hätte Fotoe gesinn, déi géinge suggeréieren, datt RTL d'Aktioun couvréiert hätt. D'Entreprise wéilt zu Protokoll ginn, datt de Kollektiv muttwëlleg wéilt e falsche Narrativ propagéieren: "This group is being intentionally misleading and continues to promote a false narrative. The fact is at Amazon we provide great pay, great benefits, and great opportunities — all from day one. We directly employ more than 1.5 million people around the world, and provide a modern, safe, and engaging workplace whether you work in an office or at one of our operations buildings."

Doropshi gouf d'Spriecherin vun Amazon ugeruff; et koum zu engem Echange wärenddeem si drop higewise gouf, datt Amazon soss net esou reaktiv fir Pressefroen ass a justement prezis Froen zu den Aarbechtskonditiounen net beäntwert – RTL géif selwer decidéieren, wat publizéiert gëtt a wat net.

Fir en Artikel iwwert e weidere Signalement bei der ITM Uganks Oktober hat RTL Amazon follgend konkret Froe gestallt: Wéi vill Mataarbechten den 23. Juni geschafft haten, ob se de Supplement fir d'Feierdeeg kritt hätten, ob Amazon e System en place hätt, fir d'Aarbechtszäiten an d'Iwwerstonnen anzedroen, ob Amazon e System en place hätt, deen dem Gesetz entsprécht, fir ze designéieren, wien zu Cadre supérieurs gehéiert a wéi Amazon géing sécherstellen, datt de Mataarbechter hiert Recht op Déconnexioun géing respektéiert ginn. RTL hat Amazon gefrot, selwer en Delai ze ginn, fir d'Äntwërten. Deen huet Amazon awer selwer verlängert, fir schliisslech keng vun de Froen ze beäntweren, mee dëse Statement ze ginn:

“Amazon is committed to creating a positive workplace and a culture of builders and innovators, where employees can develop their skills and advance their careers. Our employees can work from multiple locations, and move freely between focused work, collaboration, and breaks. In 2026, for the third consecutive year, Amazon has been recognised as a Top Employer in Luxembourg, certified by the Top Employer Institute, a global authority in HR certification. Among all Top Employers in Luxembourg, Amazon ranked first in 2025 and 2026.
Of our over 4,250 employees in Luxembourg, a limited number support international retail sales events like Prime Day. This year, for the first time, Prime Day fell on a Luxembourg public holiday and those who volunteered to work on that day have been compensated according to the law.”

Datt Amazon de Code du Travail op d'mannst op engem Punkt net géing respektéieren, hat den Aarbechtsminister Marc Spautz nach de selwechte Mount confirméiert, a gesot d’ITM géing eng Enquête maachen.

Nom Telefonsechange tëscht der RTL-Journalistin an der Amazon-Spriecherin um Freidegnomëtteg huet d'Spriecherin e weidere Mail un eng Rutsch RTL-Verdeeler-Adresse geschéckt an där si der Journalistin hir GSM-Nummer gedeelt huet an "gefrot huet", datt hire Statement komplett, an allen RTL-Publikatiounen, op alle Kanäl, an alle Sprooche géif erëmgeholl ginn: "ask that our position shared below is reflected in full, on record, on all your coverage, on all channels and languages".

Weder d’Gewerkschaften, nach de Kollektiv “Make Amazon Pay” froen spontan, oder bestinn drop, datt hire Point de Vue an RTL-Artikelen iwwer Amazon agefüügt gëtt. Zum Beispill wann Amazon en neie Logistikzenter aweit, wéi des Lëscht zu Diddeleng.

Back to Top
CIM LOGO