Op Uerder vum Parquet1 Permis bei 380 kontrolléierte Chaufferen agezunn

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Police zu Schrondweiler an der Haaptstrooss an an der Miedernacher Strooss an der Fiels op Uerder vum Parquet Alkoholkontrolle gemaach.
© Police Archivbild

Zu Schrondweiler hunn tëscht 19 an 20 Auer ganzer 208 Automobiliste misste blosen. An 3 Fäll war den Alkoholtest positiv an et goufe Protokoller. 4 Chauffere krute Verwarnungen, well hir Pabeieren net an der Rei waren. 1 Permis huet missten op der Plaz agezu ginn.

172 Chauffere goufen tëscht 21 an 22 Auer an der Fiels kontrolléiert. Hei war den Alkoholtest a 4 Fäll positiv an d’Automobiliste goufe protokolléiert. An der Fiels gouf kee Fürerschäin agezunn, dofir goufen et awer ënnert anerem Protokoller a Verwarnunge wéinst dem Fueren ouni Permis an ouni Assurance.

Weider Permisen vun e Freideg op e Samschdeg agezunn

Donieft gouf jeeweils ee Permis zu Jonglënster, zu Schëndels an an der Stad wéinst ze héijem Alkoholafloss agezunn.

Back to Top
CIM LOGO