Coronavirus zu Lëtzebuerg1 weidert Doudesaffer, 625 nei Fäll bei 2.545 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 992 läit.
© RTL

Aktuell si 27 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 6 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.264.971 Impfdosisse genotzt.

Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 117,45 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 91,12 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,01. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO