
Um 23.20 Auer sinn hei en Auto an e Minibus net laanschtenee komm, den Auto huet Feier gefaangen. 10 Persoune si blesséiert ginn, dorënner zwee uerg Blesséierter, sou de CGDIS. D'Police schwätzt souguer vu 4 schwéier Blesséierten.
Den Automobilist ass dem Minibus hannendra gerannt, wouduerch de Bus an d'Leitplanke gedréckt gouf an dunn op d'Säit gefall ass. Den Auto ass e puer Meter virum Minibus un d'Hale komm an huet du Feier gefaangen.
De schëllegen Automobilist huet sech duerch d'Bascht gemaach.

Eng Policepatrull konnt de Chauffer bei sech doheem untreffen. E stoung en staarkem Alkoholafloss. De Parquet gouf informéiert an de Chauffer protokolléiert. E koum mat enger Ambulanz an d'Spidol.
Fënnef Ambulanze waren op der Plaz, de Samu vum CHEM a vum CHL an d'Noutdéngschter vun Nidderaanwen, der Stad a Sandweiler.

