Dem Radio 100,7 no schéngt ee sech an der Koalitioun eens ze sinn, datt d'Droe vun der Burka fir gleeweg moslemesch Frae gesetzlech misst geregelt ginn.

Bis ewell ass d'Verschleierung "en public" op kommunalem Niveau geregelt, dëst kéint elo duerch e Gesetz geschéien.

Op RTL-Nofro hi verweist de Justizminister Felix Braz op dat, wat d'virlescht Woch an der Chamber vum Inneminister Dan Kersch gesot gi war, nämlech datt d'Regierung bannent den nächsten 2 Méint wäert hir Conclusiounen zéien iwwert den Avis, dee se beim Staatsrot gefrot hat.

Deen Avis läit der Regierung dann och elo vir.

Wann d'Regierung effektiv sollt op de Wee goen, fir iwwert d'Burkaverbuet ze legiferéieren, sou wier dat schonn e Revirement an der Positioun, déi d'Dräier-Koalitioun bis ewell nach ëmmer vertrueden hat, a wou sech d'Ministere Bettel a Braz bis dato géint esou e Gesetz iwwer d'Verschleierung ausgeschwat haten.

Wéi gesot soll d'Regierung bannent de nächste 60 Deeg hir Conclusiounen zu deem sensibele Sujet zéien.

D'ADR gesäit sech iwwerdeems an hirer Positioun confirméiert. "Endlech huet d'Regierung verstanen, sou d'Iwwerschrëft vun engem Communiqué, deen déi Alternativ Demokratesch Reformpartei en Dënschden den Owend verschéckt huet. Et wier ee jiddwerfalls elo gespaant op dem Justizminister Braz säi Projet.