Russland a Belarus starte Militärmanöver

© Vladimir SMIRNOV / POOL / AFP
Bis de 16. September dauert d'Übung "Sapad". Europa ass net erfreet a mécht sech Suergen. Berechtegt? D'UN reagéiere mat enger Drénglechkeetssëtzung.
Besonnesch a Polen gëtt de Manöver kritesch suivéiert, nodeems viru kuerzem eng Rei russesch Dronen an hire Loftraum agedrongen an ofgeschoss gi waren. Et geet een dovun aus, dass ronn 13.000 Zaldoten a Belarus a weider 30.000 op russeschem Territoire un der Übung wäerte bedeelegt sinn. Geüübt gi soll ënnert anerem den Asaz vu russeschen Oreschnik-Rakéiten. De polnesche Ministerpresident Tusk geet iwwerdeem dovun aus, datt och d'Besetzung vun der sougenannter "Suwalki-Lücke" simuléiert soll ginn. D'Gebitt un der polnesch-litauescher Grenz grenzt am Norden un d'russesch Exklav Kaliningrad an am Süden u Belarus. Hei gëtt et d'Angscht, datt Russland a Belarus d'Landsträif, déi eng 65 Kilometer breet ass, am Fall vun enger Ausbreedung vum Ukrain-Krich kéinte besetzen an de baltesche Staaten esou d'Weeër fir Ravitaillement iwwer Land ofgeschnidde ginn.
Et ass net dat éischt gemeinsaamt Militärmanöver vu béide Länner. 2021 hat Russland dovu profitéiert, fir Waffen a schwéiert Material fir d'Preparatioun vum Ugrëff op d'Ukrain ze verleeën. Vu Minsk heescht et, déi Kéier géif d'Operatioun manner grouss ausfalen, an et wéilt een et och vun der westlecher Grenz méi an den Zentrum vum Land verleeën, fir gréisser Spannunge mat Europa z'evitéieren.
UN reagéiere mat Drénglechkeetssëtzung
Déi polnesch Regierung huet d'Grenz zu Belarus zoumaache gelooss, an de Loftraum gouf och gespaart. Vu Moskau komme Virwërf, dat wiere "konfrontativ" Schrëtt, déi dozou dénge géifen, "weider Eskalatiounen a Spannungen am Zentrum vun Europa ze justifiéieren".
Warschau gesäit d'Andrénge vun enger russescher Dron op NATO-Gebitt net just als Akt vu militärescher Aggressioun, mee och als Deel vun der psychologescher Krichsféierung vu Moskau. De polneschen Ausseminister huet gesot, dass déi ganz Welt wësse soll, dass russesch Dronen um Terrain vun der UN, vun der EU a vun der NATO waren. Den UN-Sécherheetsrot huet dann och entretemps eng Drénglechkeetssëtzung aberuff. Sollten do Decisioune geholl ginn, ka Russland se awer mat sengem Vetorecht blockéieren.