Accord Bistum-Syfel steet, Minister pocht op Ofschafen

Den Dan Kersch ënnersträicht, datt d'Eenegung an der Kierch sech am Kader vun der Konventioun beweege muss. Déi géif d'Ofschafe vun de Fabricke virgesinn.
D'RTL-Nouvellë vum Dënschdeg de Muere confirméiere sech: Laang Stonne souzen um Dënschdeg Vertrieder vum Bistum an dem Daachverband vun de Kierchefabricken, Syfel, beieneen, fir zu engem Accord ze fannen, deen allerdéngs um Owend nëmmen an engem knappen Schreiwes public gemeet gouf.
Rieds geet vu 4 Punkten, op déi ee sech konnt eens ginn, vu 4 Prinzipien:
Esou wier gekläert, datt d'Gemenge vun hire gesetzlechen Engagementer vis-à-vis vun de Fabriques d'Églises entbonne sinn an datt gekläert soll ginn, wiem d'Kierchegebaier an de Gemengen a Pare genee gehéieren.
Accord och - ouni Präzisiounen -, wat d'Personnalité juridique an d'Fusioun vun de Kierchefabricken ugeet, an och datt de Kierchefong soll ageriicht ginn – mä och do keng Detailer.
Den Inneminister Dan Kersch huet op dee Communiqué am Gespréich mam Nico Graf reagéiert. Hie begréisst, datt Bistum a Syvel mol nees matenee geschwat hunn, betount awer, datt all Accord an der Kierch am Kader vun der Konventioun, deen d'Regierung mam Bistum ënnerschriwwen huet, respektiv am Kader vum virgeschloene Gesetzprojet leie muss. Da géif hien sech deem Accord net opposéieren.
An den Dan Kersch erënnert drun, datt an der Konventioun dra steet, datt eleng de Bistum entscheet, wéi de Fong verwalt gëtt, an datt d'Kierchefabricken ofgeschaf ginn - ma dat géif net verhënneren, datt ënnert deem Fong nei Rechtsperséinlechkeete geschafe ginn, esou wéi de Bistum dat gären hätt.
E Bäibehale vun de Kierchefabricken an déi domat verbonnen Intransparenz géifen op alle Fall net an der Konventioun stoen.
D'Positioun vun der Regierung wier, datt d'Kierchefabricken ofgeschaf ginn.
Den Accord tëscht Bistum a Syfel géif à ce stade awer Propositiounen enthalen, déi contraire zu der Konventioun sinn an dofir net esou ëmgesat kéinte ginn. Ma ënnert dem Fong kéinten awer e puer Syfel-Fuerderungen ëmgesat ginn.
E Schrëtt zréck hannert dat, wat an der Konventioun ofgemaach gouf, kënnt fir den Inneminister awer op kee Fall a Fro.
Gemeinsame Presseerklärung von Bistum und Syfel
Ausgehend von den Aussagen des Innenministers, der in einem Radio-Interview vom 24. Januar 2017 seine Bereitschaft erklärt hatte, eine Einigung zwischen Bistum und Syfel bezüglich der Frage der Kirchenfabriken im Zusammenhang mit der Gesetzesvorlage 7037 mitzutragen, haben Bistum und Syfel sich nach konstruktiven Gesprächen auf eine gemeinsame Position geeinigt.
Grundlagen dieses Konsenses sind:
- die Befreiung der Gemeinden von ihren gesetzlichen Verpflichtungen gegenüber den Kirchenfabriken,
- die Klärung der Eigentumsverhältnisse der Kirchenbauten,
- die Rechtspersönlichkeit und Fusion der Kirchenfabriken,
- die Einrichtung eines Kirchenfonds.
Dieser Vorschlag wurde Minister Dan Kersch sowohl mündlich als auch schriftlich mitgeteilt.
Bistum und Syfel sind weiterhin bereit, in konstruktiver Weise für eine auch vom Innenminister angeregte einvernehmliche Lösung einzutreten.
Gemeinsame Presseerklärung von Erzbistum und Syfel
7.3.2017
Hei drënner den RTL-Artikel vum Dënschdeg de Mueren:
Och ouni déi direkt Mediatioun vum Inneminister Dan Kersch bougéiert et elo, wéi et schéngt, an der Relatioun tëscht dem Syfel an dem Bistum. Um Dënschden ass eng weider Renconter tëscht dem Daachverband vun de Kierchefabricken an de Vertrieder vum Bistum, fir méiglecherweis zu engem Ofschloss ze fannen.
Där Reunioune goufen et an de leschte Woche schonn eng ganz Partie - eemol am klenge Krees a soss a méi grousser Ronn.
RTL-Informatiounen no konnte sech béid Säiten no all deene Reuniounen drop eenegen, datt d'Fabriques d'Eglises d'personalité juridique solle behalen, mee datt et manner där Entitéiten iwwert d'Jore gekuckt solle ginn - benevole Gremien, déi jo zanter 1809 fir d'Gerance vun de Kierchegebaier am Land suergen.
An där Logik bleiwen d'Fabriques d'Eglises och Proprietär vun de Kierchen, Kapellen an Territoiren, déi si bis dato hunn. De Fong, sou wéi e vum Bistum presentéiert gouf, soll also éischter eng Roll als Solidaritéits-Mechanissem spillen dat heescht, dass déi Gremie mat méi Suen, déi manner gutt gestallt solle mat droen. A wéi wäit elo soll de Projet vun de Statuten ëmgeännert ginn, fir datt dee Fong net nëmmen e Waasserkapp bleift, ass ze diskutéieren.

De Pläng vum Inneminister no, sollten d'Kierchefabricke jo komplett ofgeschaaft ginn - hei wier et also e Revirement, andeems dës Fabriques d'Eglises solle bestoe bleiwen - op d'mannst nach fir Verschiddener eng Zäit laang, well si gehale sinn ze fusionéieren.
Wéi et eisen Informatiounen no heescht, gëtt d'Zuel vun de Kierchefabricken op déi eenzel Gemenge reduzéiert, duerno dann, sollen et dann nach 33 där Fabriques d'Eglises ginn - also genee esou vill wéi et "paroisses nouvelles" gëtt, déi jo de 7. Mee zum Oktav-Optakt virgestallt ginn. Den Ament ginn et net manner wéi 285 Kierchefabricken.
Wa mat dëse Propositiounen déi eenzel Säiten, also och d'Regierung, d'Accord wieren, da wier dëst domat eng Victoire fir de Syfel, dee jo och en ëffentlechen Debat an der Chamber initiéiert hat, fir deen eng 11.500 Ënnerschrëfte gesammelt gi waren.
An deem Debat hat sech de Syfel fir e Moderniséiere vun de Strukturen op Par-Niveau agesat; d'Enteegnung duerch de Kierchefong war e kompletten "no go".
Ofzewaarden ass allemol, ob dann elo de Syfel och d'Kloe géint den Äerzbëschof an d'Ministeren Bettel an Kersch fale léisst oder awer net.
Reaktioun vun der CSV
Worten Taten folgen lassen
Gestern haben Bistum und Syfel mitgeteilt, sich grundsätzlich auf eine Reform der Kirchenfabriken geeinigt zu haben. Die CSV begrüßt diesen Schritt. Wir haben uns immer für einvernehmliche Lösungen eingesetzt.
Auch der Innenminister hatte bereits am 24. Januar 2017 gegenüber RTL Radio Lëtzebuerg unmissverständlich Entgegenkommen gezeigt:
"Wann de Bistum et fäerdeg bréngt mat senge Frondeuren, fir et mol sou ze soen, nämlech deene Leit vum Syfel, en Accord ze fannen, da wäert d'Regierung deem Accord net am Wee stoen. Déi Positioun huet sech vun Ufank un net geännert. [...] Wann an der Tëschenzäit en Accord fonnt gëtt tëschen dem Bistum an dem Syfel, an déi 2 kommen mat enger eenheetlecher Positioun bäi eis, da wäert d'Regierung net déi sinn, déi dat wäert blockéieren."
Wir nehmen die Aussagen des Innenministers sehr ernst und hoffen, dass er seinen Worten Taten folgen läßt.
Die Chance im Einvernehmen eine Reform der Kirchenfabriken herbeizuführen stehen gut. Sie sollte genutzt werden.
Mitgeteilt von der CSV-Fraktion