Fir de Premierminister wier d'Bedeelegung vum Staat bei RTL Télé Lëtzebuerg kee Blanko-Chèque.

An der Chamber huet en Donneschdeg de Mëtteg eng breet Majoritéit eng Motioun ugeholl, déi der Regierung gréng Luucht gëtt, d'Konventioun déi mat der CLT-UFA ausgehandelt ginn ass, unzehuelen. An dësem Kontrakt steet, dass d'Regierung vun 2021 un an dann emol fir 3 Joer, Télé Lëtzebuerg mat maximal 10 Milliounen d'Joer matfinanzéiert, 5 Millioune muss d'Haus selwer bäileeën.

Fir de Staatsminister, deen d'Chamber wollt iwwer d'Konventioun informéieren, heescht, dat dass RTL op d'Qualitéit vun de Programmer muss upassen, an zum Beispill Emissioune mat edukativem oder kulturellem Charakter weisen. Präziséiert gouf dann op en Neits, dass Radio Lëtzebuerg mat den zukünftege Finanzsprëtze vum Staat, näischt ze dinn huet.

AUDIO: Konventioun Staat - CLT-Ufa / Reportage Monique Kater

Wuel hätt een iwwer d'Zukunft vu Radio Lëtzebuerg geschwat, an der Konventioun wier hei och Verschiddenes geännert ginn, mä kloer wier, dass just Télé Lëtzebuerg finanzéiert gëtt, widderhëlt de Premier, fir deen d'Differenz tëscht Tëlee a Radio elo méi kloer ass.

RTL Radio Lëtzebuerg ass keen ëffentlech-rechtleche Radio a soll dat och net ginn. De Sender profitéier awer vun 2 nationale Frequenzen an huet och dofir verschidde Konditiounen an hirer Permissioun dra stoen, déi se mussen erfëllen.  Dozou gehéiert d'Diffusioun vun nationalen Evenementer an d'Obligatioun vun Noriichten.

Dem Radio seng Permissioun wier dann och ëm 10 Joer verlängert ginn. An elo bei Télé Lëtzebuerg, an hir „Mission de Service Public“. Jo, et hätt ee sech gefrot, ob et opportun wier, eng national Tëlees-Chaîne matzefinanzéieren, erënnert sech de Xavier Bettel.

An déi Fro huet d'Regierung kloer mat Jo beäntwert, well d'Televisioun nach ëmmer eng grouss Audienz hei am Land huet, der leschter Etude no nach ëmmer 146.000 Leit all Dag de Lëtzebuerger RTL.

Dës finanziell Bedeelegung vun 2021 u wier awer alles, mä kee Blanko-Chèque, et wier net esou, dass RTL e Budget fir d'Joer kréich, mä de Staat géing bis 2023, wann de Bilan bis virläit an d'Konnten ofgeschloss sinn, maximal 10 Milliounen d'Joer bäileeën. Wat den Inhalt ugeet, géif ee sech awer eraushalen, versprécht de Staats- a Medieminister.

Allerdéngs huet d'Tëlee dann en ëffentlech-rechtlechen Optrag an do solle Qualitéitsstandarde respektéiert ginn.

Zwee Auditten, zwee Kontrollorganer, een RTL-interne Comité éthique, an eng eege „Kommissioun“ géif gegrënnt, fir d'Kontroll vu baussen, vu Programm a Finanzen. Mä et wier eng gutt Konventioun am Intressi fir Lëtzebuerg.

Et kann ee sech scho freeën, datt de Siège vun esou engem bedeitenden internationale Mediegrupp hei am Land ass a wäert bleiwen. Wann ee gekuckt, wéi professionell geschafft gëtt, ass dëse Konzessiounsvertrag am Interêt vum Bierger, betount de Premier.

D'Chamber louch majoritär um Premier senger Ligne, ausser déi Lénk an d'adr.