Coronavirus zu Lëtzebuerg103 Leit positiv bei 7.194 Tester

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, weider bei 821 läit.
© RTL

Aktuell sinn 20 Persounen hospitaliséiert, dovunner 5 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 674.147 Impfdosisse genotzt. 664 Leit kruten hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 3.716 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,92. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO