Am Prozess ëm d’Veranda vum Café-Restaurant Waldhaff blouf et op der Cour d'appel bei enger Geldstrof vun 10.000 € fir d’Sàrl a fir de Marc Hobscheit.

D'selwecht war um Enn vu béide Prozesser just d'Geldstrof an Héicht vun 10.000 Euro, engersäits fir de Restaurateur Marc Hobscheit an anerersäits fir d’S.à.r.l., déi de Café-Restaurant geréiert huet.

Zum Zäitpunkt vun enger Policekontroll, am Abrëll zejoert, wären de Marc Hobscheit an d’S.à.r.l. net am Besëtz vun enger Commodo/Incommodo-Geneemegung gewiescht, obwuel si de Café-Restaurant dee Moment scho 5 Joer bedriwwen hätten. De Marc Hobscheit wär sech och bewosst gewiescht, dass d'Aarbechten illegal waren, ma hien hätt se nawell duerchgefouert, fir den Ëmsaz ze maximéieren.

An 1. Instanz war donieft nach festgehale ginn, dass de Café-Restaurant sou laang zoumaache misst, bis eng Autorisatioun virléich, fir méi wéi 50 Leit kënnen z’ëmfänken. Zu sou engem Zoumaache koum et awer net, well de Restaurateur déi entspriechend Geneemegung Enn August kritt huet. Déi zwee Riichter hunn dann och keen Zoumaache vum Café-Restaurant méi gesprach.

Am zweeten Uerteel koum awer elo dat nei dobäi, wat de Vertrieder vum Parquet am 1. Prozess an dee vum Parquet général am zweete Prozess gefuerdert haten, nämlech dass de Café-Restaurant bannent engem Joer a säin originalen Zoustand misst zréckversat ginn, sollt et hei zu Retarde kommen, wär eng Strof vu 7.500 Euro de Mount fälleg.

Dee Rétablissement des lieux wär op eng Violatioun vun den Artikele 5 an 10 vum Gesetz vun 2004 iwwert den Naturschutz zréckzeféieren, dora geet Rieds vum Bau an enger Gréngzon, deen de Marc Hobscheit jo virgehäit kritt hat. Déi Mesure vum Zréckversetzen an den initialen Zoustand géif d'Atteinte à l'ordre public verschwannen doen, déi dës Infraktioun duerstelle géif, a wär eng adequat zivil Reparatioun fir de Schued, deen d'Kollektivitéit duerch d'Infraktioun z'erdroe gehat hätt.