Zu Walfer gouf d'Partei opgefuerdert, hannert dem Spëtzekandidat ze stoen. Deen huet Vertrauen an d'Rou an de Calme, déi d'Partei huet.

D'CSV ass voll am Walkampf-Modus, am Moment sinn d'Bezierks-Kongresser, am Mäerz um Konvent ginn déi 60 Kandidate presentéiert, am Mee geet et "On Tour", am Juni ginn a Foren d'Kär-Themen diskutéiert an um ausseruerdentleche Kongress am September gëtt dann de Walprogramm festgeluecht. Mee egal wéi, eent ass elo scho sécher, d'CSV wëll nees un d'Muecht a mam Claude Wiseler deen nächste Premier stellen - deen huet sech e Méindeg um Kongress vum Bezierk Zentrum ganz staatsmännesch gewisen.

D'Plaz fir de Kongress war symbolesch gesicht: Zu Walfer, an där Gemeng, wou d'CSV et zur eegener Iwwerraschung fäerdegbruecht hat, vun der DP de Buergermeeschter-Stull zeréckzëerueweren. De Message: Sou geet dat och dësen Oktober nees aus. De Spëtzekandidat Claude Wiseler: "Mir hunn dës Walen nach net gewonnen, mä mir gewanne se awer, dat soen ech Iech, mir gewanne se, well mir d'Rou hunn an de Calme hu fir schwiereg politesch Dossieren."

RTL

© Pol Arlé

An der Rou läit d'Kraaft ass den neie Motto op Mooss fir de Spëtzekandidat, wat anerer him virgeheien, gëtt zum Virdeel gedréint, de Claude Wiseler Mann vun der Seriositéit, op deen ee sech verloosse kann, den Anti-Bettel an Anti-Schneider, net modern, mä traditionell, och mat him si Partei a Land um séchere Wee ... An d'Truppe kruten ageschäerft, keen Zweiwel méi um Spëtzekandidat, et ka just klappen, esou den CSV-President Marc Spautz, "wa mir zesumme sti wéi ee Mann an eng Fra hannert dem Claude, ob jonk oder al dat, ass egal, all hannert him, hien ass onse Fahnenträger an dat Schlëmmst wat ass, wann s de Fahnenträger bass, an dann ass kee méi hannen drun."

D'CSV ass zwar keen oppene Kanal wéi d'LSAP, mä och hir Jonk hu Fuerderungen an d'Selbstbewosstsinn, déi kloer ze formuléieren an dofir wier et extrem wichteg, esou d'Kim Felten, Presidentin CSJ-Bezierk Zentrum, "dass mir eng equilibréiert Lëscht hunn, op där Läit vun allen Alterskategorië vertruede sinn, dohier natierlech och genuch Jonker". Als CSJ géif een et dann och net gutt fannen, dass moies iwwert den RTL all Kandidat ënner 40 Joer d'Kompetenz ofgeschwat krit ...

Kompetenz kritt awer absënns de Premier ofgeschwat, ëmmer op der Rull, sech am Ausland ze weisen, sief et zu Davos oder a Florida, an doheem dacks nëmme méi present via Videomessage oder esouguer Hologramm. De Claude Wiseler: "Den Hologramm ass wéi de Premier, du kriss keng Äntwerten an et ass näischt hannen drun."

RTL

© Pol Arlé

Frou sinn eleng mécht kee Staatsminister aus, dat gouf ëmmer nees betount. De Laurent Zeimet, CSV-Generalsekretär: "Wann der also um 14. Oktober bei RTL de Saz héiert, ech si frou, léif Frëndinnen a Frënn, dann hu mir eppes falsch gemaach!"

D'CSV wëll et och anescht maachen am Walkampf, keng Walverspriechen a Kaddoe maachen, déi net ze hale sinn, ewéi zum Beispill d'DP-Parteipresidentin iwwert d'Erofsetze vum Stage fir Staatsbeamten. De Claude Wiseler: "Kommt, mir maachen déi Braderie, déi elo entsteet, an den nächste Méint net mat. D'Leit musse kënne Vertrauen an eng Partei hunn, fir d'éischt soll ee mol iwwert Inhalter schwätzen, soll ee kucken, wat ee wëll, an dann diskutéieren, wat hanne raus soll kommen ... mä net einfach esou aus elektorale Grënn - dat geet mat ons net!"

Den Toun ass ginn, bewosst staatsmännesch, affirméiert de Leader vun der Partei viru vollem Sall mat och dem fréiere Finanzminister Luc Frieden an der Viviane Reding.

En Dënschdeg war de Kongress vum Süd-Bezierk.