Vu Paräis goung et op Toulouse, wou Visitte vum Centre national des études spatiales a vun de Wierker vum Fligerproduzent Airbus um Programm stoungen.

Am Kader vun der Staatsvisitt an Frankräich war och d'Visitt bei Airbus, wou och een Accord ënnerschriwwen ginn ass, fir an Zukunft méi enk ze kooperéieren. Dobäi geet et drëm, fir à long terme op industriellem Niveau zesummenzeschaffen, ma och an der Recherche. Ganz besonnesch an den Domainer vun der Cybersecuritéit, de Weltraum-Technologien an de Fluchsystemer ouni Piloten.

© Deborah Ceccacci

D’Kollaboratioun mat Airbus iwwerschneit sech mam Zil vun der Lëtzebuerger Regierung, fir bis 2025 den Defense-Budget opzestocken a virun allem och d’Lëtzebuerger Betriber dobäi anzebannen. Am Haaptsëtz vum Fligerconstructeur zu Toulouse gëtt och ee Seminaire fir Lëtzebuerger Entreprisen organiséiert, fir ze kucken a wéi wäit si als Supplier kéinte mat Airbus zesummeschaffen.

Lëtzebuerg huet bei Airbus ee A400M Fliger bestallt an donieft wëll d’Regierung elo nach an Helikoptere vun Airbus investéieren fir d’Lëtzebuerger Police an och fir d’Arméi.

Déi 3 Helikoptere fir d'Arméi kaschten approximativ 125 Milliounen Euro, déi 2 fir d'Police ëm déi 20 Milliounen Euro.

© SIP / Charles Caratini, tous droits réservés