De Wollef räisst just an Ausname Schof
De Laurent Schley vun der Naturverwaltung gëtt Explikatiounen zu de Prozeduren, wann e Béischt gerass gëtt. Och d'Jeeërfederatioun mellt sech zu Wuert.
Eppes wëll d’Naturverwaltung, nodeems en Dënschden déi zweete Präsenz vun engem Wollef zu Lëtzebuerg confirméiert gouf, kloerstellen: Et gi méi Schof vun Hënn gerass, wéi vun engem Wollef. A wann de Wollef ee Schof frësst ass dat éischter eng Exceptioun wéi de Normalfall, well en sech an der Haaptsaach vu wëllen Déieren ernährt. Ma wéi gëtt de Bauer fir säin Déier wat gerass gouf entschiedegt? Wat ass dofir am Managementplang virgesinn?
Am grousse Ganze muss een tëscht zwee Voleten ënnerscheeden: deem vun der Indemnisatioun an dann nach deem vun der Preventioun. Wat deen éischte Volet ugeet, präziséiert de Laurent Schley vun der Naturverwaltung, datt wann ee Schof gerass gouf, fir d’éischt Prouwe geholl ginn. Stellt sech dobäi eraus, datt ee Wollef derhannert stécht, dann evaluéiert d’Ackerbauverwaltung de finanzielle Schued.
D'Ackerbauverwaltung gëtt dëst dann bei der Naturverwaltung eran a gëtt dann iwwert e Budgetsartikel bezuelt, en Artikel, deen Schued vun geschützen Aarten kläert, esou de Laurent Schley.
Dee Schued geet net iwwert e puer honnert Euro eraus. Dat wat d’Schof ebe wäert war.
Méi interessant ass dogéint d’Preventiounsmesuren, déi am Managementplang fir de Wollef drastinn. Well Schof déi Notzdéier sinn, déi dem gréisste Risiko ausgesat sinn vun engem Wollef attackéiert ze ginn, fokusséieren sech d’Preventiounsmesuren an Subsiden op de Schutz vun haaptsächlech de Schof. Mee och do gëtt et eng Restriktioun. Et muss nämlech 12 Méint virdrun an engem Rayon vun 10km e gesécherten Noweis gemaach gi sinn.
Hei zu Lëtzebuerg géif et nach keng Indicen dofir ginn, datt sech hei ee Wollefsruddel géif ophalen. Au contraire et geet een dovunner aus, datt d’Wëllef bei Garnech an zu Furen op der Duerchrees waren. An dësem leschte Fall, dee gëschter offiziell confirméiert gouf, handelt et sech jo ëm ee sougenannten C2, dat heescht d’Präsenz vum Wollef gouf unhand vun der Manéier wéi d'Schof gerass gouf, vun Experten determinéiert.
Zénk déi een als Schütz dann opriicht, ginn zu 75 Prozent vum Staat subsidiéiert. Datt dee Montant net zu 100 Prozent iwwerholl gëtt, leit zum Deel dorunner datt vill Schof vun Hënn gerass ginn.
Den Daachverband vun de Schofziichter gesäit sech iwwregens an de nächste Wochen fir iwwert d’Präsenz vum Wollef zu Lëtzebuerg ze diskutéieren. Dee Moment soll dann och d’Situatioun vun deene Schofziichter ugeschwat ginn, déi fräilafend Schof hunn, déi also net agespaart ginn. Manner wéi eng Handvoll vun deene gëtt et den Ament hei am Land.
Wéi ass d'Positioun vun der Jeeërfederatioun
D'Jeeër stinn op alle Fall hannert dem Wollef. De President vun der Jeeërfederatioun de Georges Jacobs betount am RTL-Interview, datt si déi Éischt waren, déi ee Managementsplang fir de Wollef gefuerdert haten. En Dënschdeg gouf jo den zweete Fall vun engem Wollef zu Lëtzebuerg offiziell confirméiert. An deem stéing ee grondsätzlech positiv géintiwwer.
Wéi de Georges Jacobs vun de Jeeërfederatioun betount, bitt d'Juegd vum 21. Joerhonnert eng Déngschtleeschtung un. Dëse Service ass géigeniwwer der Natur an awer och der Populatioun ze verstoen. D'Jeeër wieren interesséiert un der Biodiversitéit an awer och un der Regulatioun vun der Natur an der Gestioun dovunner.
Et kéint een also net einfach sou soen, dass de Wollef net géif dozou gehéieren, mee et si Problemer, déi musse geléist ginn, respektiv déi Acteuren, déi concernéiert sinn, musse mateneen an den Dialog kommen.
Ee Problem, deen d’Jeeër awer kéinten zu Lëtzebuerg begéinen, an och schonn am Ausland begéint hunn, ass deen, datt Juegdhënn vun de Wëllef attackéiert ginn. Et misst ee kucken, wéi een elo domadder ëmgeet. De Georges Jacobs werft d’Fro op, op wéi eng Manéier a Géigenden, wou de Wollef ënnerwee ass, soll gejot ginn. Doriwwer misst ee sech Gedanke maachen.