LSAP an déi Gréng weisen sech als Koalitiounsparteien awer zefridden. E Mëttwoch an en Donneschdeg sinn dann d'Debatten iwwert den Etat de la Nation.

No der

, goufen et vun der Oppositioun wéi ze erwaarden eng ganz Partie Kritikpunkten. D'Koalitiounsparteien haten do selbstverständlech méi e positiivt Bild.

D'Oppositioun huet d'Ried vum Premier quasi an der Loft zerrappt

De Claude Wiseler hat jo en Dënschdeg de Moie schonn hei op der Antenn gesot, hie géif sech net vill vum Etat de la Nation erwaarden, ma dat hei wier nach schlëmmer gewiescht ... inhaltlech wier näischt dra gewiescht.

AUDIO: D'Reaktioun vum CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler

Déi grouss Defisen, déi an Zukunft wäerten op eis duerkommen, Solutiounsvirschléi oder Visiounen hätt ee bei der Ried vum Xavier Bettel net kéinten erkennen. Awer och op d'Situatioun elo, méi genee op d'Suerge vun de Bierger, wier ee beim Speech vum Premier an der Chamber net agaangen. Beispiller wieren hei de Logement, d'Gesondheetspolitik, d'Fleegeversécherung ...

All dës aktuell Sujete wieren net ugeschnidde ginn. Et wier iwwerdeems e "bloen Himmel gemoolt ginn": All di gutt Leeschtunge wieren der aktueller Regierung zouzeschreiwe gewiescht, déi negativ Punkte wieren d'Schold vun engem "aneren" gewiescht, ouni allerdéngs genee drop anzegoen. Allgemeng huet de Claude Wiseler d'Ried als eng vun de schwächste Rieden ageschat, déi hie bis ewell héieren huet.

AUDIO: De Marc Baum vun "déi Lénk" reagéiert

Dem Marc Baum vun déi Lénk ass opgefall, datt de Premier mat tëscht 40-45 Minutten eng historesch kuerz Ried gehalen huet an dat wier dem Deputéierten no och dat eenzegt gewiescht, wat dobäi angenehm war. Also ganz nom Motto: Wann een näischt ze soen huet, soll een dat wéinstens kuerz maachen...

RTL

Déi wierklech brisant Sujeten am Land wieren dem Marc Baum no mol net am Usaz ugeschwat ginn. De Fait, dass den Aarmutsrisiko sou héich ass wéi nach ni virdrun, wier net genannt ginn, an och d'Wunnengsproblematik hätt ee lénks leie gelooss. Fir verschidde Problemer wier d'Regierung net sensibel, sou dass de Bilan vun der Ried vum Premier schlecht beim Marc Baum ausfält.

"Mir si 6 Méint virun de Wahlen an ech hat mer erwaart, datt de Staatsminister géif probéieren, alles esou schéin ze molen, wéi et geet a souguer nach bësse méi". Dat sot de Gast Gibéryen vun der ADR an enger éischter Reaktioun.

AUDIO: Och de Gast Gibéryen vun der ADR ass batter enttäuscht

Hien hätt net méi gesinn, wéi e Staatsminister, deen sech iwwert 40 Säite Ried selwer op d'Schëller klappt. Der Logik vun der Regierung no dierft et also keen onzefriddene Mënsch méi am Land ginn. Domadder hätt de Xavier Bettel souguer d'Erwaardunge vum Gast Gibéryen ënnertraff. Eng Abberzuel u Problemer wier net genannt ginn.

RTL

© RTL Archive

Souwäit déi éischt Reaktioune vun der Oppositioun.

Ma och d'Parteien, déi net an der Chamber setzen, hunn op d'Ried reagéiert. Esou heescht vun den Déi Konservativ, datt dës Ried, "elo um Enn vun der Legislaturperiod, no fënnef Joer Koalitiounspolitik vun DP-LSAP-Gréng, war schonns no just fofzeg Minutte, Chamberschluss: D’Deklaratioun steet an eisen Aen, fir d’Enn vun den Iddien a Visiounen, fir d’Aus an d’Kapitulatioun vun der Gambiakoalitioun! Et war eng «Deklaratioun zur Lag vum Loftschlass Lëtzebuerg!»."

LSAP an déi Gréng schwätze vun enger gelongener a sachlecher Ried

De Premier huet eng Ried gehalen, déi net polemesch, mä sachlech an op Fakte baséiert war an zum Deel och pedagogesch ausgeriicht war, fir politesch Aktioune vun dëser Koalitioun z'erklären, esou huet den LSAP- Fraktiounschef Alex Bodry no der Deklaratioun vum Premier.

AUDIO: Wéi schätzt den Alex Bodry vun der LSAP d'Ried an?

D'Theorië vun CSV an ADR iwwert eng Finanzgestioun, déi dem Land net gutt gedoen hätt, wieren elo wéi eng Seefeblos geplatzt. Dat hätten d'Zuele vun 2017 an och d'Projektiounen op déi weider Jore gewisen.

RTL

© RTL Archive

Et géif weisen, dass an dësem Beräich fundamental Aarbecht vun der Regierung geleescht ginn ass. Et gouf natierlech och kloer gemaach, dass nach eng Rei politesch Chantieren op wieren. Strukturell Problemer bleiwen, esou den Alex Bodry weider, Problemer, déi allerdéngs net an dëser Legislaturperiod entstane sinn.

Dës Regierung huet hir Hausaufgabe gemaach, déi Gréng och...ënnersträicht den Deputéierten Henri Kox a senger Reaktioun op d'Ried vum Staatsminister.

AUDIO: D'Reaktioun vum Henri Kox vun "déi Gréng"
RTL

Haut wier een an de Finanze ganz gutt opgestallt, d'Scholde si stabiliséiert ginn an och am Ëmwelt-Beräich hätt ee ganz vill Gesetzer realiséiert. An der Mobilitéit schwätzt den Henri Kox da vun engem reegelrechte Paradigme-Wiessel, also ewech vum Individual-Verkéier. Weider Problemer wéi de Logement oder d'Biodiversitéit géife bleiwen.

"Net wierklech nohalteg"

Bei de Staatsfinanzen huet de Premier e ganz zouversiichtlecht an zefriddent Bild opgezeechent. Den Defizit wier op 220 Milliounen zeréckgaangen, spréch 829 Milliounen Euro, manner wéi nach 2017 virgesi waren. Mee ass de Staat wierklech nohalteg gutt opgestallt. Sozialpartner hunn éischt Andréck ginn.

"Lëtzebuerg ass 2018 kärgesond a gutt opgestallt fir d'Zukunft", sot de Premierminister a senger Ried an der Chamber. Vertrieder vum Patronat gesinn dat anescht. Firwat d'Regierung an Zäite vun héijer Konjunktur net méi Scholden ofgebaut huet, kann de Patronatsverband UEL net novollzéien. Vermësst ginn dann och Reflexiounen iwwert de Sozialsystem.

"Mir mussen als Land vill Suen erakréien, fir eis dëse Sozialstaat kënnen ze leeschten. Deemno misste mir eis iwwerleeën, wou mir nei Recetten hinhuelen oder kucken, wéi eise Sozialstaat méi selektiv ka sinn", esou de Jean-Paul Olinger, Generalsekretär vun der UEL.

An och de Romain Schmit, Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun, gëtt ze bedenken: "Kuerzfristeg ass eise Pensiounssystem an der Rei, mee d‘Rentemauer gëtt méi héich an d'Vitesse, mat där mir draknallen, ass gesteigert ginn."

Och d'Blanche Weber vum Mouvement écologique vermësst laangfristeg Iwwerleeungen. Stéchwuert ökologesch Steierreform. Do hätt de Premier sollte Weiche fir zukünfteg Politike stellen. Lëtzebuerg hätt ganz niddreg Ëmweltsteieren am Verglach mat aneren EU-Staaten. Bei der Besteierung vum Ëmweltverbrauch wier nach villes machbar.

"Eng wichteg Prämiss, déi dës Regierung nach kéint ugoen, wier, all d'Donnéeë fir eng nohalteg Steierreform ze sammelen. Domadder géif een den Terrain fir déi nächst Joer preparéieren. An da ginn esou vill Milliounen ausginn, déi sech zu Laaschte vun der Ëmwelt erweisen. Och do kéinte mir Geld spueren", esou d'Blanche Weber.

Mat senger Ried schéngt de Premier da méi Froen opgeworf, wéi Äntwerte geliwwert ze hunn. De Romain Schmit erkläert: "Mir waren insgesamt enttäuscht, well näischt iwwert d'Betriber gesot ginn ass a ganz wéineg iwwert d'Educatioun. Allerdéngs vill iwwert de Congé parental." Fir d'Betriber heescht dat erëm nei Organisatiounsfroen, déi net esou einfach ze meeschtere sinn.

No der Deklaratioun gëtt et also nach vill Diskussiounsbedarf. D'Gewerkschafte wollte sech iwwregens op Nofro hin, nach e bëssi Zäit loossen, fir d'Ried am Detail z'analyséieren. Mee Appreciatiounen dierfte grad a Froen, wéi Aarmutsrisiko a sozial Ongerechtegkeeten net manner schaarf ausfalen.

E Mëttwoch an en Dënschdeg sinn dann d'Debatten iwwert den Etat de la Nation.