Am Schloreen huet e Sonndeg ëm 15 Auer Lokalzäit (8 Auer Lëtzebuerg) d'Aarbechtsvisitt vum Xavier Bettel an der südkoreanescher Haaptstad Seoul ugefaangen.

De Premierminister Xavier Bettel ass ë Sonndeg fir eng Aarbechtsvisitt vun 3 Deeg a Südkorea ukomm. Eng Visitt, fir politesch Relatiounen ze verdéiwen an ekonomesch Partenariater auszebauen, mä déi fir déi lëtzebuergesch Gäscht nawell ongewinnt ugefaangen huet.

AUDIO: Visitt a Südkorea: De Premier erkläert - Rep. vum B. Beffort
VIDEO: Aarbechtsvisitt vum Xavier Bettel a Südkorea
Eng Visitt, fir politesch Relatiounen ze verdéiwen an ekonomesch Partenariater auszebauen, déi awer fir déi lëtzebuergesch Gäscht ongewinnt ugefaangen huet.

Éier et richteg lassgoung, koume fir d'éischt emol d'Racletten an den Asaz, fir de Parvis vum Nationalkierfecht vum Reen ze befreien, dee sech do gesammelt hat. Du waren d'Prabbelien un der Rei, zu Seoul huet et nämlech de ganze Sonndeg iwwer geschott wéi aus Eemeren.

Wéi d'Autoskolonn vum Premier ukomm ass, war awer alles prett. No der Begréissung krut de Xavier Bettel wäiss Händchen un an ass tëscht Zaldoten, déi Spaléier stoungen, bis bei den "Tuerm vun der Erënnerung" vun deem bedeitende Militärkierfecht, wou ganz vill südkoreanesch Märtyrer, Zaldoten a Poliziste begruewe sinn, gaangen.

RTL

Dës kuerz Cérémonie d'hommage um Nationalkierfecht war den Optakt vun der Visitt vum Xavier Bettel zu Seoul. Duerno huet de Premier sech nach an d'Gëllent Buch agedroen a scho goung et weider, per Police-Eskort duerch d'Stroosse vun der verreenter Haaptstad. Souguer d'Motorrieder ware mat rout-wäiss-bloe Fändelen dekoréiert.

RTL

Och um zweete Programmpunkt hunn d'Erënnerung an d'Vernäipe viru fréieren, awer net vergiessene Sacrificen dominéiert: Et war d'Visitt vum Memorial vum Korea-Krich, dee jo vun 1950 bis 1953 gedauert huet an deen zur Konsequenz hat, datt et haut en Nord- an e Südkorea gëtt, déi sech jo elo nees méi no wëlle kommen. 21 Natioune waren op der Säit vu Südkorea, offiziell Republik vu Korea, engagéiert, dorënner och eng Rëtsch Lëtzebuerger.

VIDEO: Lëtzebuerg an de Koreakrich an 90 Sekonnen erkläert
De Premier Xavier Bettel ass fir 3 Deeg op Aarbechtsvisitt a Südkorea.

Lëtzebuerg hat awer just Fräiwëlleger op déi koreanesch Hallefinsel geschéckt: En éischt Detachement mat 43 Zaldoten (Ufank 1951 bis September 1951) an een zweet mat 46 Zaldoten (Mäerz 1952 bis Ufank 1953) hu géint de kommunisteschen Norde gekämpft.

Zwee Lëtzebuerger hunn deen Asaz net iwwerlieft: De Sergeant R. Mores an de Caporal R. Stutz sinn un der Front ëmkomm. 17 Zaldoten vu Lëtzebuerg goufe blesséiert. Alles an allem hunn am Koreakrich wuel iwwer 4 Millioune Mënschen hiert Liewe gelooss. Genee Zuele gëtt et keng.

RTL

Zum imposante Memorial gehéiert och e klenge Musée, duerch dee sech ee ganz interesséierte Lëtzebuerger Premier guidéiere gelooss huet. D'Affer vun de Lëtzebuerger géif net vergiess ginn, och bei eis net, esou de Xavier Bettel, deen och betount huet, datt bei der Gëlle Fra och dorun erënnert gëtt, datt Lëtzebuerg um Koreakrich bedeelegt war - "esou wéi eis och anerer befreit haten".

U sech war de Premier vu sengem südkoreaneschen Homolog op d'Olympesch Wanterspiller invitéiert ginn, ma dee Kontext war fir hien net dee Richtegen, dofir wier d'Visitt elo. A well ee bilateral Relatiounen hätt, wier et och wichteg gewiescht, eemol bilateral ze kommen, well esou wier nach ni e Lëtzebuerger Premier komm, soss war de Kontext vun enger Visitt ëmmer multilateral.

RTL

Am Mëttelpunkt vum Xavier Bettel senger Aarbechtsvisitt a Südkorea stinn dann och politesch Gespréicher, hie gesäit e Méindeg ënnert anerem de südkoreanesche Premier Lee Nak-yeon, an Echangë mat der koreanescher Ekonomie. Esou kënnt de Premier zum Beispill mat de Cheffe vu Sam Hwa Steel, KisWire, Doosan an Hyosang zesummen. Ausserdeem um Programm: De Besuch bei eenzelene Start-uppen, dofir gëtt de Premier och vun enger klenger Wirtschaftsdelegatioun begleet.

Am Seoul Startup Hub sollen dann och déi Lëtzebuerger Chambre de commerce an déi koreanesch Chambre de commerce et d'industrie e Memorandum of understanding ënnerschreiwen, genee esou wéi och d'Luxembourg House of Financial Technology an de koreanesche Fintech Lab.

Den Ofschloss vun der Visitt mécht en Dënschdeg e Besuch vun der entmilitariséierter Zon un der Grenz vun den zwee Koreaen.

Weider Biller aus Südkorea ginn et e Méindeg den Owend op RTL Télé Lëtzebuerg. Och op RTL.lu suivéiere mir d'Aarbechtsvisitt vum Premier weider en détail.

RTL

Offiziellt Schreiwes

Visite de travail du Premier ministre, ministre d'État, Xavier Bettel, en Corée du Sud – Visite du mémorial de la guerre de Corée (01.07.2018)

Communiqué par: ministère d'ÉtatLe Premier ministre, ministre d'État, Xavier Bettel, s'est rendu en Corée du Sud pour une visite de travail du 1er au 3 juillet 2018.
Il est accompagné d'une délégation de représentants des secteurs de l'industrie, de la finance et des TIC et de la logistique.

L'objectif du déplacement cette mission économique multisectorielle est de promouvoir les relations économiques et commerciales entre les deux pays, le marché coréen représentant des opportunités considérables pour les entreprises luxembourgeoises.

Le 1er jour de la visite de travail, le chef du gouvernement luxembourgeois s'est rendu au cimetière national de Séoul afin de déposer une gerbe au pied de la tour du Souvenir pour rendre hommage aux soldats tombés dans la défense de leur patrie.

Xavier Bettel a ensuite visité le mémorial de la guerre de Corée à Séoul. L'édifice a été érigé en mémoire et à l'honneur des combattants et des victimes de la guerre de Corée, qui a opposé la Corée du Sud à la Corée du Nord entre 1950 et 1953. Le Luxembourg fut parmi les 16 pays qui envoyèrent des volontaires sous le commandement des Nations Unies pour repousser l'armée nord-coréenne. 89 volontaires luxembourgeois ont combattu au côté des forces armées de la République de Corée, deux sont tombés lors des combats et 16 ont été blessés. Ce fut la seule intervention militaire luxembourgeoise après 1945 au cours de laquelle le Luxembourg a envoyé des soldats au front.

Le Premier ministre a notamment visité le diorama luxembourgeois situé dans la salle des Nations unies qui rend hommage aux nations alliées ayant aidé la république de Corée lors du conflit. Xavier Bettel a déposé une gerbe en hommage aux victimes de la guerre.

« Le Luxembourg et la Corée du Sud se sont rencontrés à un moment douloureux de l'histoire » a déclaré Xavier Bettel lors de la visite du mémorial. « De jeunes Luxembourgeois ont combattu ici pour la paix et la liberté et dans un esprit de solidarité afin de libérer un pays ami et deux jeunes luxembourgeois ont péri dans ces combats. » Et d'ajouter: « Cela crée des liens profonds qui vont au delà de l'amitié. »

En soirée, le Premier ministre, ministre d'État, Xavier Bettel, a été l'invité d'honneur d'un dîner offert par le consul honoraire du Luxembourg à Séoul, Young-Chul Hong, en présence d'acteurs économiques luxembourgeois et coréens.

Le 2 juillet 2018, le Premier ministre rencontrera entre autres son homologue coréen, Lee Nak-yeon, pour une entrevue et visitera le Seoul Startup Hub.