De Marc Hobscheit an d'Sàrl Café Waldhaff hunn och op der Cour de Cassation net Recht kritt.

Och déi hat sech mam juristesche Sträit ëm d’Veranda vum Café-Restaurant Waldhaff befaasst. De Restaurateur a seng Societéit waren am Januar dowéinst op der Cour d'appel condamnéiert ginn, woumat de Marc Hobscheit net d'accord war.

AUDIO: Cour de Cassation/Reportage Eric Ewald

Dee Moment haten de Restaurateur an d'Sàrl all Kéiers eng Geldstrof vun 10.000 Euro kritt an et war decidéiert ginn, dass de Café-Restaurant bannent engem Joer a säin originalen Zoustand misst zréckversat ginn. Pro Mount Retard géif eng Strof vu 7.500 Euro ufalen. De Restaurateur misst de Café-Restaurant allerdéngs net méi zoumaachen, hat et nach am Appellsuerteel geheescht, géint dat de Marc Hobscheit op d'Cassatioun gaange war.

Säin Affekot hat do zwee Moyene presentéiert, dorënner een zum Artikel 5 vum Naturschutzgesetz vun 2004. De Restaurateur an d'Sàrl waren ënnert anerem wéinst dem Verstouss dogéint veruerteelt ginn. Fir den Affekot hätt dee Gesetzartikel awer net däerfen applizéiert an hätten d'Societéit a säi Client net dofir däerfe condamnéiert ginn. Et gouf weiderhi kontestéiert, dass den Terrain, op deem ënnert anerem d'Veranda vum Café-Restaurant Waldhaff gebaut gouf, als Gréngzon kéint betruecht ginn. Am PAG vun der Gemeng wär deen Terrain net nëmmen als Zone agricole klasséiert ginn, mä och an 3 aner Zonen, dorënner an e Secteur protégé de type «environnement construit», deen e Commerce zouloosse géif.

Fir d'Cassatiounsgeriicht gouf den Terrain duerch de Klassement an 3 aner Zonen net aus der Gréngzon erausgeholl. Et wär och net a Fro gestallt, dass d'Gebai, dat virum Akraafttriede vum Gesetz iwwert den Naturschutz op deem Terrain gebaut gouf, an der Gréngzon ass. Déi wär awer dozou bestëmmt, fir eidel ze bleiwen. Andeems d'Appellsriichter festgehalen haten, dass eng Gréngzon eng Gréngzon bleift, och wann eng Zone superposée dobäi kënnt, hätte si d'Gesetz richteg applizéiert, heescht et am Uerteel vun der Cour de Cassation. Déi, déi zwee Moyenen als net fondéiert ugesinn an de Pourvoi vum Marc Hobscheit dofir zréckgewisen huet.