Renaturéierung vun der Péitruss14 Beem goufen Haut vis-àvis vun der Skater Piste ëmgehae

RTL Lëtzebuerg
D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer hat e Mëttwoch am City Breakfast annoncéiert, datt 32 Beem géifen ëmgehae ginn.
© Danielle Goergen / RTL

Dat well ee jo bei den Aarbechten op verseuchte Buedem gestouss war. Dee soll elo ganz wechgeholl ginn.

Haut de Mëtteg goufen déi éischt 14 Beem vis-à-vis vun der Skater Piste ëmgehaen. Bei der Demande hätt een zwar ugefrot datt der 32 fort kommen, dat wier och esou accordéiert ginn. Ma et wéilt een awer esou mann wéi Méiglech wechmaachen. Bis den 28. Februar dierfen d’ Beem nach gefält ginn.

© Danielle Goergen / RTL

Dës Imprevue wäerte keen Impakt op den Timing vum Chantier hunn. Et kéint een doduerch esouguer d’ Bett vun der Péitruss op där Plaz méi Breet maachen.

Back to Top
CIM LOGO