"Congé pour raisons familiales"15.000 Leit hu bis elo Gebrauch gemaach

Claude Zeimetz
Donieft huet de Romain Schneider betount, datt dëse Congé soulaang verlängert gëtt, wéi d'Betreiungsstrukturen zou sinn.
15.000 maache Gebrauch vu "Congé pour raisons familiales"
Donieft huet de Romain Schneider betount, datt dëse Congé soulaang verlängert gëtt, wéi d'Betreiungsstrukturen zou sinn.

PK Kersch a Schneider / Reportage Eric Ewald

Et muss ee keng nei Demande fir de "Congé pour raisons familiales" maachen, dat huet de Securité-sociale-Minister Romain Schneider op engem Point presse en Donneschdeg präziséiert. 15.000 Leit hu bis ewell vun dëser extraer Mesure Gebrauch gemaach. Vum Minister war et nach emol den Appell de Spezialcongé nëmmen unzefroen, wann ee wierklech keng aner Moyenen huet.

Den Accès zu de Servicer vun der Sécurité sociale ass garantéiert och wann d'Personal deels vun doheem aus schafft, sou de Romain Schneider.

Och géif sécher keen am Stach gelooss ginn, dee mat sengem Laangzäit-Krankeschäin iwwert déi gesetzlech 78-Woche-Limit kënnt.

Baueren, Wënzer a Gäertner kënnen den Ament weider schaffen och fir d'Liewensmëttelproduktioun oprecht z'erhalen. D'Direktvermaartung um Haff ass erlaabt, just mat den néidegen Hygiènesmesuren. D'Mëllechcamione fuere weider an och d'Fleeschproduktioun funktionéiert weider.

De Romain Schneider an den Dan Kersch hu sech en Donneschdeg de Mëtteg mat den europäeschen Homologen ausgetosch an nach emol mat Nodrock op déi speziell Situatioun vum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart mat senge méi wéi 200.000 Frontalieren higewisen. Et hätt een Zouso op héchstem Niveau kritt, datt d'Grenze fir si op bleiwen, mä et wier wichteg d'Wichtegkeet vun dëse Leit, fir de Lëtzebuerger Gesondheetssecteur ëmmer nees ze widderhuelen.

Vum Aarbechtsminister Dan Kersch war et och nach d'Informatioun, datt bis ewell 3.200 Betriber eng Demande gemaach, fir wéinst dem Coronavirus kuerz ze schaffen. A punkto Chômage partiel waren 2020 11 Milliounen Euro dofir virgesinn. D'Mesuren, déi d'Regierung virgesinn hätt, géifen dee Budget awer zum Explodéiere bréngen, huet den Aarbechtsminister erkläert.

Back to Top
CIM LOGO