Ukrain-Krich15 Leit aus Lëtzebuerg nach an der Ukrain, Futtballer kommen erëm

RTL Lëtzebuerg
Dann ass et och d'Annonce, datt de Lëtzebuerger Loftraum fir russesch Fligere wäert gespaart ginn.

Dem Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn no waren e Sonndeg de Moien nach 12 Lëtzebuerger an 3 Residenten hei aus dem Land an der Ukrain, déi keng Méiglechkeet hätte fir fort. Eng 10 Leit hätten et aus der Ukrain erausgepackt oder wieren ënnerwee. Dem Ausseministère no hunn och 53 Leit eng Demande gemaach, fir op Lëtzebuerg ze kommen. Déi Zuel wäert nach weider an d’Luucht goen. Do géif een all Hëllef ginn déi ee kann.

De kompletten Interview mam Jean Asselborn

De Lëtzebuerger Ausseminister rechent domadder, datt déi annoncéiert Sanktioune séier wäerte kënnen ëmgesat ginn. De Wëlle wier do, fir sou séier wéi méiglech virzegoen.

D’Decisioun, fir 8 russesch Banke vum internationale Bezuelsystem auszeschléissen, wier déi richteg. Wann ee Russland komplett vu Swift ecartéiere géif, géif ee riskéieren, méi déi normal Leit wéi “déi russesch Multien” ze treffen, huet de Jean Asselborn op en neits gewarnt. Senger Meenung no géif ee sech déi Optioun nawell weider an der Hannerhand halen.

D’Negociatiounsbereetschaft vu Moskau fënnt den LSAP-Minister net ganz credibel. De Jean Asselborn schwätzt vu “Störmanöver”. Russland hätt all Credibilitéit op internationalem Plang verluer. Wa Friddensverhandlungen tëscht der Ukrain a Russland organiséiert solle ginn, dann zu Genf an net am Belarus, dat Russland nosteet. Dat kéim guer net a Fro.

Futtballer kommen e Sonndeg erëm

Fir déi 3 Lëtzebuerger Futtballnationalspiller ass d‘Odyssee an der Ukrain esou gutt wéi eriwwer. Den Oli an de Vincent Thill landen e Sonndeg de Mëtteg um 14.30 Auer mat engem direkt Vol vu Budapest an Ungarn um Findel. Den Enes Mahmutovic kënnt vu Krakau a Polen iwwer München um 17.30 Auer um Findel un.

Lëtzebuerg schléisst sech Sanktiounen un

Den Transportminister a grénge Vizepremier François Bausch huet der Direction de l’aviation civile den Accord ginn, och de Lëtzebuerger Loftraum fir russesch Fligeren ze spären, dat vu 15 Auer un e Sonndeg. De Regierungsrot wäert am Laf vum Dag seng Zoustëmmung heivir nach ginn.

De Communiqué vum Transportministère

Fermeture de l’espace aérien luxembourgeois aux compagnies aériennes russes à partir du 27 février 2022
Communiqué par : ministère de la Mobilité et des Travaux publics

Le 27 février 2022, François Bausch, Vice-Premier ministre et ministre de la Mobilité et des Travaux publics, a avisé la Direction de l’aviation civile de préparer les notifications nécessaires afin de fermer l’espace aérien au-dessus du Grand-Duché de Luxembourg aux compagnies aériennes russes.

Cette mesure sera proposée aux membres du Gouvernement et appliquée par la suite, donc au courant de ce dimanche 27 février 2022.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO