Sécherheetscampagne "Distraction" 202218 Chauffere wéinst Handy um Steier gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun enger neier Sécherheetscampagne vun der Police, goufen e Mëttwoch zu Ettelbréck eng Rei Verkéierskontrollen duerchgefouert.
© RTL Archiv

D’Sécherheetscampagne mam Numm “Distraction” 2022, déi vum 1. bis zum 30. Juni dauere wäert, soll Oflenkunge wärend dem Autofuere bekämpfen. An deem Kader koum et vu 14.30 bis 16.15 Auer um Boulevard G.-D. Charlotte zu Ettelbréck zu enger Rei Verkéierskontrollen, bei deenen 18 Chauffere wéinst Handy um Steier mat Bousse verwarnt goufen. Bei 14 Autosfuerer goufen net bezuelte Parking-Tickete festgestallt, déi nach op der Plaz hu misse bezuelt ginn an an engem Fall waren d’Autospabeieren net an der Rei.

Ausserdeem waren 79 Chaufferen ze séier ënnerwee. Entspriechend Verwarnunge mat Geldstrofe goufen ausgestallt.

D’Campagne soll d’Autosfuerer fir d’Gefore sensibiliséieren, déi mat der Benotzung vum Handy um Steierrad verbonne sinn. Wie sech erwësche léisst, muss mat Geldstrofe vu bis zu 145 Euro an 2 Punkten um Führerschäin rechnen.

Campagne de sécurité routière axée sur la distraction au volant 2022

Back to Top
CIM LOGO