
Dës Méiglechkeet schéngt bal komplett vergiess ze ginn. Sou goufen et bannent de leschten 2 Joer nëmmen 18 Leit, déi vun dëser Mesure profitéiert hunn a sech eng komplett Pensiounskarriär constituéiert hunn, well si wéinst hirem Bestietnes net cotiséiert haten. Iwwert déi 2 Joer gekuckt gouf an deenen 18 Fäll e globale Montant vun knapp annerhallwer Millioun Euro transferéiert.
Wann een d’Zuele vun de Scheedunge kuckt, gëtt deemno quasi kee Gebrauch vum Zréckkafe vun de Pensiounsrechter gemaach: sou goufen et zum Beispill fir de Bezierk Lëtzebuerg tëscht 2018 an 2020 iwwer 1300 Fäll, bei deene Koppele wéinst “rupture irrémédibale” ausernee gaange sinn.
Dës Informatioune liwweren d’Ministere Sam Tanson a Claude Haagen als Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo.
D’Regierung wëll awer net inaktiv bleiwen a kucken, wéi an engem reforméierten Divorce-Gesetz kënne méi Leit vum retroaktiven Zréckkafe vu Pensiounsrechter profitéieren.