Um Site vun der Chamber19 nei Petitioune kënne vun e Freideg un ënnerschriwwe ginn

RTL Lëtzebuerg
Bis den 28. Juli huet de Public Zäit fir eng oder méi vun dëse Petitiounen z'ënnerschreiwen

D’Fuerderunge vun de Petitionäre gi vu Sanktioune géint Russland iwwer méi Hëllef fir Leit, déi Fleeg brauchen, e Stopp vun de permanenten Ännerunge bei de Spritpräisser bis zum Aféiere vun enger 35 Stonnewoch.

Direkt zwou Petitiounen ginn et, déi e bessere Schutz vu jonkem Wëld fuerderen, virun der Saison wou d’Méidrescher iwwert d’Felder fueren. Oder datt Leit, déi ze séier duerch en Duerf oder eng 30er-Zon fueren, méi streng bestrooft misste ginn. An eng weider wëll, dass d’politesch Parteien am Land carrement ofgeschaaft ginn.

Eng Petitioun brauch op d’mannst 4.500 Ënnerschrëften, fir datt et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber doriwwer kënnt.

Déi ganz Lëscht fannt der op Petitiounen.lu

Den Iwwerbléck vun den neie Petitiounen

Ëffentlech n°2358: Den Führerschein B100 (Motorrad, Motorroller unter 125 ccm) in den Führerschein B (Autoführerschein) integrieren. Intégration du permis B100 (Motos, Scooters 125 ccm) dans le permis B (voiture).

Ëffentlech n°2356: Prise en charge des frais de justice des citoyens par l’État

Ëffentlech n°2355: Extinction de l’éclairage public en zone peu ou pas fréquentée la nuit (principalement en dehors des centres urbains)

Ëffentlech n°2354: Ofschafen vun de Parteien an der Politik

Ëffentlech n°2352: Proposition d’une nouvelle déduction fiscale pour la pratique d’une activité sportive.

Ëffentlech n°2351: Kitzrettung

Ëffentlech n°2350: Prime fir den Travailleur désigné - Fachkraaft fir Aarbechtssécherheet

Ëffentlech n°2348: INTERDICTION DES BRUITS DE VOISINAGE LES DIMANCHES ET JOURS FÉRIÉS

Ëffentlech n°2345: Pour une semaine de 35 heures de travail à temps plein

Ëffentlech n°2344: Systematische und massive Kriegsverbrechen sowie Verbrechen gegen die Menschlichkeit in der Ukraine. Crimes de guerre systématiques et massifs et crimes contre l’humanité en Ukraine.

Ëffentlech n°2343: Stopp vun den stännegen Präisännerungen vum Bensinn & Diesel

Ëffentlech n°2342: Rehkitztod bei der Grasernte durch obligatorische Wärmesensoren an Rotormähern vom Typ Schmetterling stoppen.

Ëffentlech n°2337: Méi streng Strofen bei der Iwwerschreidung vun der Vitess an den Uertschaften an och an den 30er Zonen

Ëffentlech n°2335: Verbesserte finanzielle Unterstützung für Pflegebedürftige.

Ëffentlech n°2331: Un pas vers l’indépendance énergétique du Luxembourg - Interdiction de nouvelles chaudières à gaz et au fioul

Ëffentlech n°2322: Remboursement des accises et de la TVA sur les carburants et l’énergie aux résidents, travailleurs frontaliers et entreprises luxembourgeoises

Ëffentlech n°2307: Androen vum Asow Regiment an Ajdar Batallion op d’Lëscht vun den internationalen Terrororganisatiounen

Ëffentlech n°2305: Ausweisung von russischen Diplomaten

Ëffentlech n°2245: Sanctionner le Gouvernement russe suite à l’invasion de l’Ukraine en déclarant l’ambassadeur de la Fédération de Russie persona non grata au Grand-Duché de Luxembourg

Back to Top
CIM LOGO