
Besonnesch d'Anhale vun der Ausgangsspär ass kontrolléiert ginn (ronn 90% vun de Kontrollen). Gréisser Rassemblementer stoungen och am Fokus vun de Kontrollen. Donieft gouf gekuckt, ob déi sanitär Konzepter an Akafszentren a bei anere kommerziellen Aktivitéite respektéiert ginn.
Ronn 190 Persoune goufe protokolléiert oder verwarnt, well si sech net un d'Bestëmmunge gehalen hunn. Ronn 70% dovun hate géint d'Ausgangsspär verstouss. 30 Mol hunn d'Beamten och mussen wéinst dem Net-Anhale vu sanitäre Reegelen intervenéieren, dëst ënnert anerem wéinst Verstéiss vu Mannerjärege bei gréissere Rassemblementer.
