Wéinst der Hëtzt e FreidegAn enger Partie Gemenge ginn d'Poubellen éischter eidel gemaach

RTL Lëtzebuerg
Wéinst den héijen Temperaturen kënnt et e Freideg an e puer Gemengen zu enger Adaptatioun beim Horaire vun der Kollekt vun de Poubellen.
© René Pfeiffer

Wéi de SIDEC mellt, wäerten d'Poubellen an enger Rei Gemenge scho vu 6, amplaz – wéi gewinnt – vu 7 Auer un, eidel gemaach ginn. Deemno mussen d'Poubellen e Freideg scho vu 6 Auer un dobausse stoen. Follgend Gemenge si betraff:

  • Ell
  • Réiden/Atert
  • Bierkerech
  • Noumer
  • Fiels
  • Fëschbech
  • Hiefenech
  • Préizerdaul
  • Clierf
  • Park Housen
  • Rammerech
  • Bauschelt
  • Feelen

Iwwerdeems mellt d'Gemeng Rouspert-Mompech, dass déi schwaarz an déi brong Poubellen e Freideg scho vu 6 Auer un eidel gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO