Haus vun der Natur2.000 Meter Carré fir Uebst a Kären op der Kockelscheier

RTL Lëtzebuerg
Zanter Hierscht zejoert ginn nieft dem Haus vun der Natur saisonaalt a regionaalt Geméis, Uebst a Kären ugeplanzt.
© Tom Zeimet / RTL

09/07/2019 BAND Kockelscheier 2000 Meter Carré 17h50 -gautie

Dat, wat nieft dem Haus vun der Natur op der Kockelscheier ugeplanzt gëtt, soll fir eng Persoun duergoen, fir ee Joer laang iwwert d’Ronnen ze kommen. Nieft Uebst a Kären gesäit een och Gréngs, wat duerstelle soll, wat vu Buedem noutwenneg ass, fir d’Déieren ze ziichten. Et wëll ee mat deem, wat hei ugeplanzt gëtt, verbildlechen, wat ee Mënsch brauch, fir kënnen ze liewen, huet et en Dënschdeg de Muere geheescht. 2.000 Meter Carré ass dat, wat all Mënsch ze gutt hätt, wa mir all landwirtschaftlech Terraine géifen ënnert de Mënschen op der Äerd opdeelen. De Roby Biver, President vun Natur an Ëmwelt erkläert, datt dat géif am Prinzip duergoen, wann ee seng Iessgewunnechten ännere géif. Zum Beispill wann een de Fleeschkonsum géif reduzéieren.

An den nächste Joren dierft den Terrain, dee pro Kapp fir d’Liewensmëttelproduktioun gebraucht gëtt, erofgoen op 1.500. Dat heescht, datt ee mam Buedem besonnesch gutt muss ëmgoen. Et wier deemno och wichteg, de Leit dat méi nozebréngen. D’Sabine Kessler vun IBLA, dem Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur seet, et géif ee mat de Kären an de verschiddene Planzen den Zocker an den Ueleg duerstellen. Donieft och d'Uebst an d'Geméis. Do misst een awer soen, datt ze wéineg Uebst géif giess ginn, et misst een am Fong méi Fläch dofir aplangen. Da géife mer vill Fleesch konsuméieren, et bräicht ee vill Plaz, fir Fleesch ze produzéieren. D’Fleeschproduktioun hëlt nämlech déi gréisste Plaz an. Dem Sabine Kessler no géife ronn 100 Kilo Fleesch d'Joer giess ginn. Theoretesch sollt de Mënsch just 600 Gramm Fleesch d'Woch iessen, wat däitlech ënnert der reeller Quantitéit läit.

Am Hierscht, wéi de Projet lancéiert gouf, waren um Feld nieft dem Haus vun der Natur d’Parzellen just mat engem faarwege Band agedeelt ginn. Haut allerdéngs bléid et do, d’Geméis wiisst a sou munches konnt scho recoltéiert ginn. Fir d’Iesswueren ze verschaffen, ginn eng Rei Atelieren iwwert d’Méint verdeelt organiséiert. D'Sabine Kessler huet fir Enn Juli ee Kach-Workshop a fir Enn August ee Workshop iwwer Kären a Brout annoncéiert.

Um Feld ginn d’Geméis an Uebst net mat chemeschem Dünger an Pestiziden traitéiert. Et setzt een op Nohaltegkeet. De Roby Biver erkläert, datt si wëll Kraider stoegelooss hunn, fir eng grouss Diversitéit vun Insekten ze hunn.

Weider Informatiounen iwwert de Projet fannt Dir op www.2000m2.lu.

Back to Top
CIM LOGO