Iwwert de verlängerte Weekend2.696 Neiinfektioune bei 6.755 Tester, véier weider Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm véier op elo 1.092 geklommen ass.
© RTL-Grafik

D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Mëttwoch, Donneschdeg, Freideg, Samschdeg a Sonndeg. De Gesondheetsministère deelt iwwert de Weekend keng Zuele mat, genee esou wéi op Feier- a Bréckendeeg.

Aktuell si 15 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn dräi Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.285.209 Impfdosisse genotzt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,11. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 7,59 Prozent, deen Dag gouf et 28 Positiver bei 369 PCR-Tester)

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO