Alkoholiséiert Automobilistin2 Accidenter provozéiert an duerch d'Bascht gemaach

RTL Lëtzebuerg
Zu Déifferdeng gouf en Donneschdeg géint 17.25 Auer eng Automobilistin gemellt, déi mat hirem grousse Won an e geparkten Auto gerannt war.

Deen Accident war an der avenue d'Oberkorn. Déi schëlleg Automobilistin huet sech duerch d'Bascht gemaach, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren.

Kuerz drop gouf en zweeten Accident an der selwechter Strooss gemellt. Eng Policepatrull huet déi schëlleg Automobilistin op der Plaz ugetraff. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäin gouf agezunn.

Am Rond-point Fridhaff bei Dikrech ass an der Nuecht op e Freideg géint 2.15 Auer an Automobilist duerch seng Fuerweis opgefall. D'Police huet de Chauffer kontrolléiert, woubäi den Alkoholtest positiv ausgefall ass. De Führerschäin war den Automobilist domat lass.

Zu Märel ass an der Nuecht op Freideg eng Automobilistin an der route de Longwy opgefall, well se d'Riicht mat hirem Auto net méi behalen huet. Och hei war den Alkoholtaux iwwert dem erlaabten an de Führerschäin huet mussen ofgeholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO