1122 Accidenter um Mëttwoch de Moien, 2 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
Géint 6.20 Auer gouf et en Accident mat engem Gefier um CR162 tëscht Alzeng an Haassel, hei gouf eng Persoun verwonnt.

Géint 8.30 Auer e Mëttwoch de Moie koum et zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto. Eng Persoun gouf blesséiert, ënnert anerem war de Samu op der Plaz.

4 Accidenter um Dënschdegowend mat jeeweils engem Blesséierten

Géint 17 Auer en Dënschdeg gouf et an der Stad an der Rue Michel Welter eng Kollisioun tëscht 2 Autoen, eng Persoun ass blesséiert ginn.

Géint 19.15 Auer en Dënschdeg den Owend ass dann tëscht Bruch a Sëll en Auto op d'Kopp gaangen, och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Géint 21.30 Auer, respektiv 22 Auer goufen et dann nach eemol 2 Kollisiounen mat all Kéiers 2 Gefierer, dat zu Mutfert an der Rue de Contern an zu Beetebuerg an der Route de Peppange. Et gouf jeeweils 1 Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO