
Wei de CGDIS mellt ass géint 18 Auer gëscht Owend tëscht dem Karelshaff an Uewerfeelen een Auto an de Revers gaangen. Et gouf awer keen blesséiert.
Um CR345 tëscht Uewerfeelen a Mäerzeg ass kuerz no 22 Auer e Samschdeg den Owend een Auto an e Bam gerannt. D’Rettungsdéngschter mellen do 1 Blesséierten. An an der Nuecht op e Sonndeg si géint 3.20 Auer zu Bartreng um Tossebierg 2 Autoen net laanschteneen komm. Dobäi gouf eng Persoun verwonnt.