
Géint 3 Auer an der Nuecht hat e Chauffer op der N10 tëscht Ënnereesbech a Stolzebuerg e Bam ze pake kritt an huet sech dobäi blesséiert. D’Ambulanz vu Klierf, de SAMU vun Ettelbréck an d’Pompjeeë vun Housen waren op der Plaz.
Kuerz no 18 Auer war et e Freideg Owend op der Escher Autobunn zu engem Accident komm, bei deem eng Persoun verwonnt ginn ass. Tëscht Steebrécken a Féiz waren zwee Autoe matenee kollidéiert, Suite war ee Blesséierten. D’Ambulanz vu Schëffleng an d’Pompjeeë vu Monnerech a Schëffleng waren do am Asaz.
Brand an engem Garage zu Iechternach
Kuerz no 1 Auer an der Nuecht hat et dann zu Iechternach an der Route de Wasserbillig an engem Garage gebrannt. D’Pompjeeë vun Iechternach ware läschen.