290 Meter iwwert dem BuedemBei de leschten Entretiensaarbechten um RTL Mast zu Beidler

Olivier Catani
Virun dräi Woche goufen d’Maste gesprengt. Am Pisa kucke mir hannert d’Kulisse vun der Sprengung, weise wat am ale Gebai nach vum éischte Sender iwwereg ass a wëllen aus 290 Meter e Rekord briechen. De Pisa kënnt e Freideg ëm 19:00 op der Tëlee an ass elo schonn op RTL Play.

Eng wichteg Etapp vun der Mediegeschicht

Vu Beidler gouf de franséische Radiosprogramm vun RTL iwwer Laangwell ausgestraalt. Den Eugène Muller huet 1985 beim Sender ugefaangen an erënnert sech u fréier Glanzzäite vum franséischen RTL:

"Mir haten déi Zäit an de 70er bis an ufanks den 80er Joren eng extra Sendung fir Camionneuren hei op der Laangwell. Et hat de Virdeel, et huet een e Knapp gedréckt op sengem Empfänger, dann hat ee Laangwell. Do konnt een net duerch ganz Frankräich fueren, mee duerch zwee Drëttel vu Frankräich konnt ee fueren, ouni eng Kéier mussen dréien ze goen."

Den Eugène Muller hëlt eis mat duerch dat aalt Gebai mam éischte Senderpult an erzielt vun engem "Incident diplomatique" mat Frankräich, well RTL méi staark sende wollt.

Sprengung mat bësse Retard

D'Masten hunn iwwer 50 Joer laang d'Landschaftsbild gepräägt. Bis de 6. November 2026. Banne knapps 20 Sekonne loungen se um Buedem. Um 3 Minutten op 3. E bësse méi spéit wéi geplangt. Fir de Sprengmeeschter Arthur Feitenheimer awer kee Problem:

"Wir hatten ein bisschen Geländeschwierigkeiten. Die Zündleitung zu ziehen und halt die Entfernung und dann auch das Gelände. Da mussten wir ja gucken, dass wir die Natur nicht beeinträchtigen. Da mussten wir doch einige Kurven ziehen. Auf der Karte sieht das immer ein bisschen entspannter aus als in der Realität tatsächlich."

Gesprengt goufe just d'Seeler, déi d'Masten an der Riicht gehalen hunn. Mat militäreschem Sprengstoff, dee réischt puer Stonne virun der Sprengung installéiert gouf.

Vu Lëtzebuerg an d'Welt

D'Historikerin Dominique Santana an hir Studentin Florence Brekelmans vun der Uni Lëtzebuerg hu schonn honnerte Fotoe vu Radio Luxembourg digitaliséiert. Vun 1933 un huet een als éischt op Franséisch a kuerz drop och op Englesch an Däitsch gesent. Vu Lëtzebuerg an d'Welt. E kommerzielle Sender mat Musek a Reklammen aus dem Westen. Eppes dat, dem Dominique Santana vum C2DH no, vill Mënschen am Oste markéiert huet.

"Dee ganze Liewensstil aus dem Westen, déi ganz Konsumgesellschaft, alles wat verbuede war hannert dem eiserne Vorhang, dat gouf jo och alles mat konsuméiert, gelauschtert. Dat huet dann e ganzen Imaginaire vum Weste kreéiert (...) deen natierlech indirekt och e politeschen Impakt hat, well dat och dozou gefouert huet, dass d'Leit, Loscht haten, dass déi Mauer eng Kéier net méi do steet."

 Geschwë wäert et och eng Suite gi vun der Expo "Ghosts of the Villa". Da kann ee sech online duerch den Auditoire vum RTL Orchester an d’Geschicht vu Radio Luxembourg klicken.

Back to Top
CIM LOGO