Lëtzebuerger Bësch a schlechtem Zoustand58 Prozent vun de Beem mat mëttel- bis schwéiere Schied

RTL Lëtzebuerg
Den neie phytosanitären Inventaire weist eng weider Degradatioun vum Lëtzebuerger Bësch: Besonnesch Louhecken a Biche si staark betraff.
© RTL

58 Prozent vun den ënnersichte Beem weise mëttel- bis schwéier Schied. Dat geet aus dem phytosanitären Inventaire vun dësem Joer ervir, deen d'Naturverwaltung an den Ëmweltministère e Freideg presentéiert hunn.

Besonnesch schlecht ass den Zoustand bei de Louhecken: Do weisen 91 Prozent vun de Beem mëttel- bis schwéier Schied op oder se si schonn dout. Bei de Biche sinn nëmme nach 1 Prozent an engem gudden Zoustand.

Fir d'Bëscher méi resistent géint de Klimawandel ze maachen, sollen ënner anerem ugepasste Bamzorte geplanzt ginn. Zil ass och d'Biodiversitéit méi ze fuerderen an d'Waasserretentioun ze verbesseren. D'Restauratioun vu fiichte Bëschgebidder spillt dobäi eng wichteg Roll.

Weider Informatiounen doriwwer fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO