Digital KompetenzenBal 4 vun 10 Leit zu Lëtzebuerg feelen d'Grondkenntnisser

RTL Lëtzebuerg
Virun allem eeler Leit a Persoune mat engem niddrege Bildungsniveau hunn dem Statec no Schwieregkeeten am Ëmgang mat digitalen Technologien.
© AFP/Archiv/Jade GAO, Jade GAO

37,6 Prozent vun de Persounen tëscht 16 a 74 Joer zu Lëtzebuerg hunn 2025 net iwwer déi néideg digital Grondkompetenze verfüügt. Dat geet aus enger neier Publikatioun vum Statec ervir.

Bei der Altersgrupp vu 65 bis 74 Joer sinn et 56,9 Prozent, bei de 25- bis 34 Joer ale Persoune just 29,2 Prozent. Besonnesch grouss sinn d'Ënnerscheeder beim Bildungsniveau: Wärend 68,3 Prozent vun de Persoune mat engem niddrege Bildungsniveau betraff sinn, sinn et bei deene mat engem héije Bildungsniveau 20,6 Prozent.

Déi gréisste Schwieregkeete ginn et bei der digitaler Sécherheet. 28,1 Prozent feelen d'Grondkenntnisser, fir sech am Internet ze schützen, sief et beim Ëmgang mat Passwierder, perséinlechen Donnéeën oder Bedruchsversich.

De Manktem un digitale Kompetenzen huet och konkret Konsequenzen am Alldag. 48 Prozent vun de Betraffenen hu schonn op op d'mannst eng Aktivitéit verzicht, fir déi den Internet néideg war. Dat betrëfft ënnert anerem administrativ Demarchen oder Rendez-Vouse beim Dokter.

Dobäi schätzt ronn d'Hallschent vun de Betraffenen hir eege digital Kompetenzen trotzdeem als zefriddestellend an.

Méi Informatiounen hei.

Back to Top
CIM LOGO