
Wéi de CGDIS mellt, si géint 9.40 Auer dräi Ween an der Route de Luxembourg zu Beetebuerg aneneegerannt. Beim Accident goufen zwou Persoune blesséiert. Op der Plaz waren de Samu aus der Stad, grad ewéi d'Rettungsdéngschter vu Keel, Réiser an aus der Stad.
D'Strooss war fir d'Dauer vun den Opraumaarbechte gespaart.