
D'Cour d'appel huet d'Uerteel géint d'Notaire Karine Reuter gréisstendeels revidéiert. An éischter Instanz war si nach wéinst fënnef Verstéiss géint d'Gesetz iwwer d'Bekämpfung vu Geldwäsch verurteelt ginn a sollt eng Geldstrof vun 100.000 Euro bezuelen. Elo huet d'Appellsgeriicht si awer bei véier vun de fënnef Virwërf fräigesprach.
D'Riichter sinn zur Conclusioun komm, datt d'Notaire zwar net alles perfekt gemaach hätt, si hir Suergfaltsflicht awer, geméiss de Reegelen déi 2017 gegollt hunn, am Grousse Ganzen erfëllt hätt.
Bäibehale gouf just de Reproche, datt si bei enger komplexer Immobilientransaktioun mat Offshore-Gesellschaften an héije Geldtransferten de Fall net un d'Cellule de renseignement financier gemellt hat. D'Cour betount awer, datt et hei kee Beweis fir tatsächlecher Geldwäsch gëtt.
Well just ee Verstouss confirméiert gouf, gouf d'Geldstrof vun 100.000 op 15.000 Euro reduzéiert.
Wourëms geet et an der Affär?
D'Affär geet zeréck op verschidden Immobilientransaktiounen aus dem Joer 2017. De Parquet hat am Januar 2024 der Notaire Karine Reuter reprochéiert, bei dësen Dossieren hir Flichten am Kader vun der Bekämpfung vu Geldwäsch net erfëllt ze hunn. Et goung ënner anerem ëm d'Kontroll vun de Beneficiaires effectifs (Know your client), d'Originn vun de Suen, d'Risikoevaluatioun an d'Fro, ob eng sougenannte Verdachtsmeldung un d'Cellule de renseignement financier hätt misste gemaach ginn.
Am Géigesaz zum éischte Fall huet d'Cour d'appel hei d'Uerteel aus éischter Instanz gréisstendeels confirméiert. D'Notaire Karine Reuter war wéinst engem Verstouss géint d'Gesetz iwwer d'Bekämpfung vu Geldwäsch zu enger Geldstrof vun 20.000 Euro verurteelt ginn. D'Appellsgeriicht huet d’Urteel aus éischter Instanz confirméiert, d'Strof awer op 15.000 Euro reduzéiert.
D'Appellsgeriicht kënnt zur Conclusioun, datt déi ongewéinlech Ëmstänn vun der Transaktioun – dorënner de Verkafspräis, dee wäit ënner dem Marchéswäert louch, den héijen Alter an de vulnerabele Gesondheetszoustand vum Verkeefer souwéi den aussergewéinlech séieren Oflaf vun der Transaktioun – genuch Verdachtsmomenter duergestallt hätten. D’Notaire hätt deemno eng Verdachtsmeldung misste maachen. D’Argument, d'Gesetz wier net präzis genuch formuléiert an domat verfassungs- oder europarechtswiddreg, huet d'Cour zeréckgewisen.
Wourëms geet et an der Affär?
D'Affär geet zeréck op de Verkaf vun engem Haus am Joer 2021. Zwee Keefer gouf reprochéiert, d'Vulnérabilitéit vun engem eelere Mann mat kognitiven Aschränkungen ausgenotzt ze hunn, fir säin Haus fir 200.000 Euro ze kafen, obwuel et no enger Expertise e Marchéswäert vu ronn 828.000 Euro hat. Béid Keefer goufen och an zweeter Instanz wéinst Abus de faiblesse verurteelt.
D'Roll vun der Notaire war et, dës Transaktioun z'ënnerschreiwen. D'Cour ass der Meenung, datt déi vill Ongereimtheeten ronderëm d'Transaktioun genuch Verdachtsmomenter duergestallt hunn, fir eng Meldung un d'Cellule de renseignement financier ze maachen.