Remboursement virgetäuschtCNS warnt virun neier Well u Phishing-Mailen

RTL Lëtzebuerg
An engem Schreiwes warnt d'Gesondheetskeess e Mëttwoch virun enger neier Well u falschen E-Maile mam CNS-Logo.
E Beispill vun engem Phishing-Mail, dee virtäuscht vun der CNS ze kommen.
E Beispill vun engem Phishing-Mail, dee virtäuscht vun der CNS ze kommen.
© CNS

An der Arnaque via E-Mail gëtt den CNS-Logo mëssbraucht. An der E-Mail gëtt e Feeler bei engem Remboursement oder e Remboursement en attente virgetäuscht. Ënnendrënner ass e Link ze fannen, mat deem een op säi privat Profil kënnt.

D'Gesondheetskeess warnt, ënnert kengen Ëmstänn op de Link ze klicken, d'Mail-Adress, vun där de Mail koum, z'iwwerpréiwen, keng perséinlech Donnéeën erauszeginn an de Mail läschen, wann een en Dout huet.

D'CNS rappeléiert dann, datt de Logo, Numm oder d'grafesch Representatioun vun der CNS net bedeit, datt et sécher d'Gesondheetskeess ass. Wie sech net sécher ass, kann d'CNS iwwer hir offiziell Kanäl erreechen.

Méi Informatiounen zu Arnaquen, déi d'Gesondheetskeess betreffen a Recommandatiounen, fannt Dir um Site vun der CNS.

D'Schreiwes vun der CNS zu de Phishing-Mailen

Back to Top
CIM LOGO