
Aktuell si 31 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 9 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.261.719 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 153,30 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 174,75 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,88. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.