
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
An de leschten Deeg sinn zwou Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d’Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 985.
Bannent de leschten 72 Stonne goufen et 1.135 positiv Fäll bei 4.179Tester. E Freideg goufen 511 Persoune positiv getest, e Samschdeg waren et der 606. 18 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert.
E Sonndeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 3,92 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 2,41 op 100.000.
Den Ament sinn 36 Persounen hospitaliséiert, dovunner 9 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.260.187 Impf-Dosisse genotzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,81. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.