
Zwee Gefierer krute sech an enger schaarfer Kéier ze paken, op et Blesséierter gouf, ass net gewosst. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Biissen, d'Ambulanz vun Ettelbréck an d'Police vu Miersch.
Ee weideren Accident gouf et um 16.30 Auer um Schléiwenhaff, och do krute sech zwee Autoen ze paken.
An engem vun den accidentéierte Ween goufen 2 Persoune liicht verwonnt, iwwert de Gesondheetszoustand vun enger drëtter Persoun konnt d'Police keng Informatioune ginn.
D'Streck gouf kuerz no 17.20 Auer fir den Trafic gespaart. Weider Detailer feelen.