Verontreiung bei der Adem2 Joer Prisong mat Sursis fir Haaptbeschëllegten

RTL Lëtzebuerg
Ee Matbeschëllegte muss 1 Joer fest an de Prisong, en anere krut 1 Joer Prisong mat Sursis. Allebéid mussen och eng Geldstrof bezuelen.

Obwuel och d'Justiz wéinst dem Coronavirus am Ralenti leeft, ginn awer nach Urteeler gesprach, sou z.B. en Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht an enger Affär vu Verontreie vu Suen zu Laaschte vun der ADEM. Den Haaptugeklote gouf dowéinst zu zwee Joer Prisong mat Sursis an enger Geldstrof vun 10.000 € verurteelt. Fir déi zwee Matbeschëllegt sinn eemol ee Joer feste Prisong an eng Geldstrof vu 7.500 € an eemol ee Joer Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vu 7.500 € gesprach ginn. D'Adem krut dann och als Partie civile ronn 83.000 € Schuedenersatz zougesprach.

Tëscht Februar an Abrëll zejoert ware bal 95.000 € ënnerschloe ginn, woubäi nëmmen dem Haaptbeschëllegten „Détournement par fonctionnaire public“ virgehäit gouf. Hien, dee sech ëm d’Ausbezuele vu Chômageindemnitéite bekëmmert huet, hat den informatesche System sou manipuléiert, dass d'Indemnitéiten amplaz un iwwer 50 Chômeuren op säin eegene Kont goungen.

Back to Top
CIM LOGO