
Bei der Firma "Cimalux" waren zwee kleng Wëllschwäin an ee Kuelebunker gefall a si vun eleng net méi do erauskomm. Well dee Bunker kee festen Ënnergrond huet, ass decidéiert ginn d’Dréileeder vu Käl op Plaz ze ruffen, fir d’Déieren aus dem Lach ze retten.
E Jeeër op der Plaz, dee vum Fierschter geruff gi war, huet erkläert, datt een d'Déieren nees soll lafe loossen, well se hir Mamm erëmfanne géifen. Ier dat geschitt ass, goufen d'Wëllschwäin awer nach bei der Déierestatioun zu Diddeleng kontrolléiert, ob se sech bei der Chute blesséiert sinn. Dëst war net de Fall, sou datt se konnte fräigelooss ginn.