Schreiwes vu Cellule vu RegierungDen Niveau vum renge Stëbs an der Loft zu Lëtzebuerg ass niddereg a stabel

RTL Lëtzebuerg
D'Evaluatiounscellule vun der Regierung huet eng weider Kéier de Point gemaach wéinst dem Feier am Oste vun der Belsch.
© Arnaud Serexhe

Fir Lëtzebuerg wier d'Situatioun weiderhi positiv evoluéiert an d'Meteos-Konditioune fir déi nächst Deeg wiere favorabel. Den Niveau vum renge Stëbs an der Loft ass niddereg a stabel, heescht et an engem Communiqué. Et wäert een d'Situatioun awer weider am Ae behalen.

Am Norde vum Land goufen an deem Kontext dräi zousätzlech Apparater installéiert, fir d'Loftqualitéit ze moossen.

Weiderhi gëllt d'Consigne: Wann Damp an der Loft constatéiert gëtt, da sollen d'Dieren a Fënsteren zougemaach ginn.

D'Schreiwes am Detail
Cellule d’évaluation interministérielle: incendie dans les Hautes Fagnes – situation stable et perspectives favorables pour le Luxembourg (20.08.2026)

Back to Top
CIM LOGO