CGDIS2 Motocycliste gefall, Kollisioun vu 4 Autoen a Brand op engem Balcon

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 17 Auer e Samschdeg war e Motard um CR141 tëscht Waasserbëlleg a Mompech gefall an en hat sech seriö wéi gedoen.
© Police

Nieft der Ambulanz an de Corpse vu Gréiwemaacher a Mompech war och de Rettungshelikopter op der Plaz.

Och um CR119 tëscht dem Stafelter an Eesebuer war e Chauffeur mat sengem Moto gefall. Dat war um 17.20 Auer. Hei war d'Ambulanz vu Jonglënster am Asaz.

Bei engem Accident tëscht véier Autoen um 21 Auer an der Lëtzebuerger Strooss zu Beetebuerg gouf eng Persoun blesséiert.

D'selwecht kuerz no 21 bei engem Brand an der Diddenuewener Strooss an der Stad. Do hat Offall op engem Balcon vun engem Appartement gebrannt.

Back to Top
CIM LOGO