An der Rue Beaumont2 Persoune festgeholl no Iwwerfall mat Gewalt an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg géint 3.30 Auer gouf d’Police iwwer en Iwwerfall an der Rue Beaumont informéiert.
© RTL

No den éischten Informatioune wiere véier Täter géint zwou Persounen handgräiflech ginn an hätten en Handy souwéi aner Géigestänn geklaut.

Am Kader vun enger Sichaktioun konnten déi zwou verdächteg Persoune gestallt ginn. Déi geklaute Saache goufe fonnt a saiséiert. Déi Zwee hate Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO