CGDIS2 Persounen ugestouss a blesséiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Donieft gouf et an de leschte Stonnen 3 weiderer Accidenter, zu Déifferdeng hat een Haus gebrannt an op der A4 hat een Auto Feier gefaangen.

Den 112 mellt zwee Accidenter op eise Stroossen e Samschdeg de Moien. Um 8.30 Auer gouf eng Persoun zu Bartreng ugestouss. Op der Plaz war d'Ambulanz aus der Stad. An an der Millebaacher Strooss an der Stad gouf eng Persoun, déi mat enger Trottinette ënnerwee war vun engem Auto ugestouss. Och hei huet d'Ambulanz aus der Stad missten op d'Plaz geruff ginn.

Aus dem Lokale bleiwen nach 3 Accidenter vun e Freideg den Owend nozedroen. Geknuppt huet et zu Jonglënster, tëscht Useldeng a Béiwen op der Atert an tëscht Nidderdonwen a Meechtem. Dobäi gouf all Kéiers eng Persoun blesséiert.

Zu Déifferdeng hat dann am spéiden Freidegnomëtteg een Haus gebrannt a kuerz no 23.30 Auer hat een Auto op der A4 a Richtung Esch Feier gefaangen. Béid Kéiere blouf et beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO