
Am Fokus stoungen natierlech nees humanitär Krisegebidder wéi de Jemen, Libyen, de Mosambik oder och Zentral- a Südamerika.
Hei zu Lëtzebuerg ass d'Base vum sougenannten LuxOR, enger operationeller Recherche-Unitéit vun MSF, mat där nei Strategien a Programmer evaluéiert a verbessert kënne ginn.
77 Publikatiounen sinn zejoert vu LuxOr zustane komm, déi 13 Themen couvréiert, an iwwer 65 Recherche-Projeten ënnerstëtzt hunn.
Médecins sans frontières goufen am Laf vun 2019 iwwregens mat 7,3 Milliounen € un Donen aus Lëtzebuerg ënnerstëtzt.