Eng Weiderbildung ass fir dës dacks net méi ze ëmgoen. Dëst Joer hu knapp 500 Jonker an Erwuessener hir Ausbildung an de Secteure Commerce, Industrie, Soziales oder och an der Restauratioun ofgeschloss. D’Zuel hëlt zou – ma esou och de Besoin um Terrain.
“Eis Betriber wäerten och an Zukunft gutt ausgebilte Mataarbechter um Terrain brauchen, déi net einfach vun engem Computer kënnen ersat ginn. Dat ass och gutt esou. Eis Beruffsausbildung bilt dofir och dat néidegt Personal aus fir eis Wirtschaft um dréinen ze halen”, sou de Carlo Thelen, Direkter vun der Chambre de Commerce.
Mat neiem Elan an d’Aarbechtswelt. 494 Laureaten hu rezent hiren Diplom an der Philharmonie – bei héijem Besuch - entgéintgeholl. E Grond fir ze feieren. Och wann déi meescht schonn zanter Méint fest ugestallt sinn, fänkt en neien Ofschnëtt vum Liewen un. Esou och fir de fäerdeg ausgebilten Informatiker Joe Testoni: “Et ass schonn zimmlech schwéier wann een e 15-Järege freet, wat e wëll maachen, wann e grouss ass. Mir misste verschidde Sektiounen auswielen. Mat eisen Notte vun deemools. No bësse Gedanke maachen, hunn ech mech gefrot: mat wat schaffs de am Fong gären? Mat Computer? A wat stécht hannert dem Computer? Informatik!”
Séier... a virun allem mat oppenen Ärem gouf hien an der Aarbechtswelt empfaangen. Am IT-Beräich gëtt et zu Lëtzebuerg e gréissere Personalmanktem. 2 Deeg d’Woch Schoul. 3 Deeg op der Aarbecht. Dat Ganzt am DAP. 3 Joer méi spéit gouf de Joe fest agestallt: “D’Leit si frou, kënnen anstänneg ze schaffen, wann een do kann hëllefen, wann eppes geschitt, wat ee sech net esou erwaart. Bei enger Entreprise muss d’Material, fir ze schaffen, fonctionéieren. Dofir ass et ëmmer gutt en Informatiker op der Plaz ze hunn.”
Wäertschätzung! De Joe, ewéi och de Yannick Weyland gehéieren zu de beschten Absolvente vun hirem Joergang. De Yannick mécht säin DAP allerdéngs als Conseiller en vente: “Mir ginn definitiv valoriséiert. Definitiv. Ouni eis hei wieren d’Regaler eidel an et géif keen akafen. Mee och wa Leit Froen hunn, hëllefen ech gären. Et kritt ee vill ‘Mercien’ an et begéint een d’Leit doduerch och nees am Geschäft.”
“Mir sinn an enger Personal-Kris”, heescht et bei ville Betriber. Esou och zu Beetebuerg. Et wier immens schwéier ginn, nach kompetent Personal ze fannen, fënnt och de Sergej Grauberger, Coordinateur an engem Beetebuerger Baumaart: “Dofir setze mir verstäerkt op eisen Nowuess. Sou kënne mer schonn an der Ausbildung wichteg Kompetenzen entwéckelen. An eise Standuerter Beetebuerg a Jonglënster bilde mer am Verkaf, an der Logistik, Administratioun an am Garage aus. Mir bidden Ausbildungen am CCP, am DAP an am DT un. Aktuell bilde mer eleng zu Beetebuerg 17 Leit aus.”
Zanter 4 Joer schafft de Yannick zu Beetebuerg am Baumaart. Zanter September Vollzäit. Wéinst dem DAP konnt hie seng Paie op de qualifizéierte Mindestloun hiewen a säin Interessi mam Beruff kombinéieren: “Ech hu virdrun am Spidol geschafft mat Leit. Dat huet mer zum Schluss leider net méi esou gefall. Ech wollt awer weider mat Leit schaffen. Well ech selwer Déieren doheem hunn, hunn ech mer dofir geduecht, ech géif an de Baumaart mol kucke goen. An zanterhier schaffen ech am Déiere-Rayon an hu gläichzäiteg de Kontakt mat de Clienten.”
2023 sinn zu Lëtzebuerg ronn 1.100 nei Kontrakter am Apprentissage ënnerschriwwe ginn. Op den 1. Januar dëst Joer sinn iwwer 2.000 Schüler amgaangen, hiren Apprentissage an engem Betrib ze maachen.