Ried vum LCGB-PresidentPatrick Dury schéckt Luc Frieden an "Nohëllefstonn iwwer Sozialpolitik" bei de Jean-Claude Juncker

Sarah Cames
Claude Zeimetz
Wéi all Joers sinn och op dësem 1. Mee nees d'Gewerkschaften an hire Kreesser zesummekomm.
© Chris Meisch

Den LCGB huet op Réimech agelueden, wou de President Patrick Dury a senger Ried net mat Kritik un der Regierung gespuert huet. De Premier Luc Frieden, deen d'lescht Joer vum Patrick Dury nawell de Kapp gewäsch kritt hat an dat net gutt verquësst hat, war e Freideg iwwregens net zu Réimech derbäi. D'Regierung war duerch de Vizepremier Xavier Bettel, de Finanzminister Gilles Roth an den Aarbechtsminister Marc Spautz vertrueden. De Regierungschef ass réischt kuerz viru Mëtteg am LCGB-Zelt ukomm a gouf vun eise Reporter op der Plaz am Gespréich mam Patrick Dury gesinn. Och de Wirtschaftsminister Lex Delles ass do.

Direkt am Ufank huet den LCGB-President d'Zesummenaarbecht mat der anerer grousser Gewerkschaft, dem OGBL, ënnerstrach, andeems hien e Bonjour an d'Abtei Neimënster, wou d'Membere vum OGBL zesummekomm sinn, geschéckt huet. Et gouf och ee Videomessage vun der OGBL-Presidentin Nora Back.

De Patrick Dury huet awer och op Probleemer higewisen, deenen de Grand-Duché aktuell géintiwwersteet. Europa - an domat och Lëtzebuerg - wieren "am Stuerm" vum aktuelle Krich am Iran mat gefaangen an och hei am Land wieren d'Konsequenze spierbar. Déi weltwäit Konsequenze wieren haut nach net ofzegesinn, ma eent steet fir de Patrick Dury fest: "Mir liewen elo zanter der sanitärer Kris an der Ongewëssheet." Amplaz de gesellschaftlechen Zesummenhalt ze fërderen, géif d'Regierung "carrement de Contraire" maachen. D'Koalitioun géif net nëmmen de Sozialdialog verhënneren, ma och dréngend néideg Upassungen um Mindestloun blockéieren.

"Et ass e Fouss hannebäi fir déi Léit, déi hei am Land mat klenge Paien op wichtege Plaze schaffen, fir datt eis Land ka funktionéieren, datt d'Ekonomie kann dréinen", esou den LCGB-President Patrick Dury e Freideg iwwer d'Diskussioun ronderëm de Mindestloun. De soziale Mindestloun misst ëm ronn 11 Prozent - also 300 Euro - no uewen ugepasst ginn, fir der EU-Direktiv gerecht ze ginn. Amplaz awer déi wichteg Ännerungen ze maachen, géif d'Regierung sech hannert enger "Milchmädchenrechnung" verstoppen.

Dem Premierminister Luc Frieden huet de Patrick Dury dann och nogeluecht, an "eng Nohëllefstonn" bei de fréiere Premier Jean-Claude Juncker a Saache Sozialpolitik ze goen.

"Et soll och ee Premierminister gi sinn hei am Land, deen ouni Statec an ouni Direktiv de Mindestloun 10% opgebessert huet. Anscheinend reng an eleng aus deem Grond, well et dësem Mann seng Iwwerzeegung war, datt all Mënsch an dësem Land soll a muss um erschafene Räichtum kënnen deelhuelen (...) Dofir géif ech dem aktuelle Premierminister roden, amplaz op Harvard ze fueren an de Leit do Märercher iwwert säi soziaalt Europa ze zielen, soll en emol op Capellen fueren! Eng Nohëllefstonn iwwer Sozialpolitik a Gestaltung vun enger méi fairer a solidarescher Gesellschaft ass fir hien net vu Muttwëll", esou den LCGB-President a senger Ried.

"Regierung a Patronat sinn haut e gemeinsame Block, eng gemeinsam Front géint d'Gewerkschaften, awer besonnesch géint d’Mënschen, déi vun eis vertruede ginn", esou de Patrick Dury. Doriwwer eraus géif och d'Schéier tëscht Privatsecteur a Fonction publique ëmmer méi grouss ginn, esou de President vum LCGB: "De Risiko vum Chômage a vun der Krankheet läit voll op de Schëllere vun de Salariéen aus dem Privatsektor." Et géif een ëmmer méi op de Wee vum Katar goen, wou "eng Minoritéit sorgenlos a gutt bezuelt ka liewen an déi aner, déi grouss Majoritéit, muss kucke mat hire Probleemer eens ze ginn." Et géif net drëm goen, de Staatsbeamten eppes ewechzehuelen, ma et dierft keng "Neidpolitik" am Grand-Duché ginn.

Den 12. Mee sollen d'Regierung, d'Gewerkschaften an d'Patronat jo fir eng Tripartite beieneekommen. Dat hat de Premier Luc Frieden dës Woch annoncéiert. De 6. Mee soll et do virdru schonn éischt bilateral Gespréicher ginn. Ma d'Gewerkschaftsunioun, d'"Unioun des syndicats OGBL-LCGB", géif zesummestoen a wann néideg zu engem Generalstreik opruffen, sollt d'Koalitioun weider op dem Wee goen, d'Sozial Sécherheet, ma och de Gesondheetssecteur ze schwächen.

Gläichzäiteg hu sech och d'Membere vum OGBL an der Abtei Neimënster getraff, sou d'OGBL-Presidentin Nora Back eng Ried gehalen. Méi dozou fannt Dir hei:

Back to Top
CIM LOGO