Neiste Previsioune vum Statec2023 sinn 3 Indextranchë méiglech

RTL Lëtzebuerg
Fir dat anert Joer rechnen d'Statistiker nach mat enger Präisdeierecht vun 3,4%. Am September war op där Plaz nach vu 6,6% Rieds.
© RTL Archiv

Den neiste Previsioune vum Statec no, gëtt dëst Joer keng drëtt Indextranche méi declenchéiert. Dat anert Joer kéinten där dann awer dräi ausbezuelt ginn.

Eng am éischten Trimester, dann déi vun dësem Joer, déi op den éischten Abrëll verréckelt ginn ass an da kéint nach am véierten Trimester eng weider Tranche dobäi kommen, schreift de Statec. Dat soen 2 vun den 3 Zenarien, déi beim Statec berechent goufen.

Fir de Rescht stabiliséiert sech d’Inflatioun ënner 7%. Wann den Effet vun den Tripartites-Mesurë mat agerechent gëtt seet de Statec fir dëst Joer elo nach 6,4% Inflatioun viraus, liicht manner wéi bei de leschte Berechnungen Ugangs September.

Allerdéngs ass den Inflatiounstaux manner erof gaangen ewéi erwaart. Dat läit un deiere Sprit a Liewensmëttelpräisser am Oktober. Derbäi kënnt, datt den Euro nohalteg schwaach par Rapport zum Dollar dierft bleiwen.

Effekter vun Tripartites-Mesuren manner staark wéi erwaart

Dës Phenomener drécken also op den Effet vun den Tripartites-Mesuren.

Fir dat anert Joer rechnen d’Statistiker nach mat enger Präisdeierecht vun 3,4%. Am September war op där Plaz nach vu 6,6% Rieds.

Zënter de leschte Previsiounen Ugangs September hätten déi global Inflatiouns- a Croissance-Perspektive sech weider degradéiert, sou nach de Statec

Back to Top
CIM LOGO